Haut de Cry

Vu Wikipedia
Haut de Cry
Lokalisatioun
Land Schwäiz
Gemeng Kanton Wallis
Koordinaten 46°14'25"N, 7°11'42"O
Héicht 2.969 m

Den Haut de Cry ass en 2.969 Meter héije Bierg an den Alpen, am Schwäizer Kanton Wallis.

Säin Numm ass ofgeleet vum Wuert cray, dat stengeg heescht.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Den Haut de Cry ass en Deel vun enger Biergkette vun de Berner Alpen, déi vu Sudwesten no Nordoste verleeft, an deen héchste Bierg dovun. E läit no bei den Dierfer Chamoson, Ardon a Vétroz. Déi nordwestlech Häng vum Haut de Cry fidderen d'Derbonne, déi iwwer d'Lizerne an de Rhône leeft, iwwerdeems déi am Südosten an den Torrent de Cry, en Niewefloss vun der Losentse, lafen, déi och zum Rhône-Baseng gehéiert.