Op den Inhalt sprangen

Bumba

Vu Wikipedia
Déi gréisst Stied am Kongo

Bumba ass eng grouss Bezierksstad am zentralafrikanesche Staat Demokratesch Republik Kongo am Bezierk deen och Bumba heescht. D'geographesch Koordinate vu Bumba sinn: 2° 11' 4" N, 22° 28' 13" O.

Bumba läit an der Nordprovënz Equateur (Haaptstad Mbandaka) um rietsen Uwänner vum Kongo-Floss ongeféier 600 km flossopwäerts vu Mbandaka.

Bumba huet knapps 100.000 Awunner an ass domat op der 26. Plaz vun de Stied an der Demokratescher Republik Kongo.