Busschleis

Vu Wikipedia
Busschleis mat versenkbarem Poller zu Valkenburg

Eng Buschleis ass en Deel vun enger Strooss, op Kräizungen oder Gaafelungen, deen duerch Signalspären, oder duerch steierbar oder passiv Hënnernisser, sou ofgesëchert ass, datt nëmmen Autobussen derduercht kënne fueren.

Et gëtt aktiv a passiv Schleisen.

Bei aktive Schleisen, ass an der Mëtt vun der Fuerbunn ee Poller, deen iwwer ee Signal dat vum Bus ausgeet, an de Buedem versenk ka ginn.

Passiv Schleise bestinn doraus, datt op engem Deel vun der Fuerbunn Rampen oder Versenkunge sinn, déi sou gebaut sinn datt nëmme Busse kënnen driwwer fueren. Et kënnen och Hënnernesser an der Mëtt vun der Fuerbunn sinn, déi sou héich sinn datt normal Autoen net driwwer kënne fueren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bus traps – Biller, Videoen oder Audiodateien