Bëtong
Ausgesinn
Bëtong ass een am Bauwiesen heefeg benotzt Material, dat meeschtens aus enger Mëschung aus Zement, Sand, Splitter oder Waken a Waasser an heiansdo Bëtongszousazstoffer a Bëtongszousazmëttel besteet. Bëtong, deen duerch Bëtongstol verstäerkt ass, gëtt Eisebëtong (Béton-armé, Stolbëtong, arméierte Bëtong) genannt. Déi stole Verstäerkung besteet meeschtens aus ronne Staangen, och Monéiereisen oder Riffeleise genannt, an/oder aus verschweessten Eisematten. Bei virgespaantem Bëtong ginn drote Seeler gebraucht, déi ënner Zuch stinn.
Wa bei der Mëschung nëmmen e Bannmëttel wéi Zement an/oder Kallek a Sand gebraucht gëtt, da schwätzt ee vu Mortier oder Speis.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bëtong – Biller, Videoen oder Audiodateien |