C++
Ausgesinn
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
C++ ass eng Programméiersprooch fir allgemeng Uwendungen a stellt Sproochmëttel fir abstrakt Datentyppe wéi och modular, generesch, objetorientéiert a strukturéiert Programméierung zur Verfügung. C++ baséiert op der Programméiersprooch C wéi an ISO/IEC 9899:1990 beschriwwen.
Zousätzlech zu de Méiglechkeete vun C bitt C++ weider Datentyppen, Klasse mat Verierwung a virtuelle Funktiounen, Ausnamebehandlung, Templaten (Schablounen), Nummraim, Inline-Funktiounen, Iwwerluede vun Operatoren a Funktiounsnimm, Referenzen, Operatore fir d'Fräispäicherverwaltung a mat der C++-Standardbibliothéik eng erweidert Bibliothéik.
Programmbeispill
[änneren | Quelltext änneren]De follgende Quelltext ass e Beispill fir en Hello-World-Programm an C++:
#include <iostream>
int main() {
std::cout << "Hello, world!" << std::endl;
return 0;
}
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Stroustrup, Bjarne: Die C++ Programmiersprache, Addison-Wesley, ISBN 3-8273-1660-X, dat Standardwierk iwwer C++, Grondkenntnisser zu C si vu Virdeel
- Andrew Koenig, Barbara E. Moo: Intensivkurs C++, Pearson Studium, ISBN 3-8273-7029-9, gutt Buch fir Ufängerbuch, e gewëssent Grondverständnis vu Programméirung ass vu Virdeel
- Meyers, Scott: Effektiv C++ programmieren - 50 Wege zur Verbesserung ihrer Programme und Entwürfe, Addison-Wesley, ISBN 3-8273-1305-8, fir C++-Kenntnisser nach ze verdéiwen
- Meyers, Scott: Mehr Effektiv C++ programmieren - 35 neue Wege zur Verbesserung ihrer Programme und Entwürfe, Addison-Wesley, ISBN 3-8273-1275-2, fir C++-Kenntnisser nach ze verdéiwen
- Sutter, Herb: Exceptional C++, ISBN 3-8273-1711-8 (däitsch), fir C++-Kenntnisser nach ze verdéiwen
- Alexandrescu, Andrei: Modernes C++ Design - Generische Programmierung und Entwurfsmuster angewendet, mitp, ISBN 3-8266-1347-3, dat Standardwierk fir C++-Metaprogramméirung, setzt en déift Verständnis vun C++ viraus
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: C++ – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- C++ Online-Referenz
- Dacks gestallte Froen an Äntwerten
- C++-Diskussiounsgrupp
- C++-Forum
- Online-Compiler (fir einfach Programmer)
- ACCU - international Interessegemeinschaft fir C an C++
- D'C++-Bibliothéik vu Boost
- C++-Metaprogramméirung
- Internetsäit vum GNU-C++-Compiler
- Garbage-Collector fir C++
- C++ an der wiki vun den Däitsche Softwareentwéckler
- Pathscale ECOPath-Compiler
- C/C++ Users Journal