Côte de Nuits

Vu Wikipedia

Côtes de Nuits ass een delimitéiert Ubaugebitt vu Wäiner am nërdlechen Deel vun der Bourgogne. Hei gëtt nëmme Pinot Noir geziicht (bis op e puer ganz wéineg Ausnamen).

Wéngert an der Côte de Nuits

Dëse Wéngert fänkt un am Süden nieft Dijon an erstreckt sech 22 km no Norde bis op Corgoloin. All Duerf huet seng eegen Appellation controlée (AOC) fir d'Gemengen an de Premiers-Crus an an de Grands-Crus. Dee Klassementssystem ass awer zimmlech komplizéiert; dofir hei eng kleng Iwwersiicht:

  • all Gemeng oder Duerf huet eng AOC. Et gëtt der déi iwwer de Beräich vun der Gemeng oder dem Duerf erausginn, anerer betreffen nëmmen een Deel vum Duerf. Sou kann z. B. e Wäin deen d'AOC Nuits-Saint-Georges huet och vun enger Nopeschgemeng si wéi Prémeaux.
  • an enger Gemeng kënne verschidde Wéngerten d'Appellatioun AOC Bourgogne hunn, mä net d'Appellatioun vum Duerf oder aner Appellatiounen déi vun deem Duerf oder där Gemeng ofhänken.
  • eng ganz grouss Parti hu Wéngerten déi Grand-Cru oder Premier-Cru klasséiert sinn. Sou kann een an enger Gemeng bis véier Appellatiounen erëmfannen, wou awer nëmmen de Premier-Cru an d'AOC den Numm vun der Gemeng hunn.

Detailer vun den Appellatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Côtes-de-Nuits Villages[änneren | Quelltext änneren]

Dës AOC ass fir d'Wéngerte vu fënnef Uertschaften an zwar: Fixin, Brochon, Prémeaux-Prissey, Comblanchien a Corgoloin. Wëll dës Dierfer ausser Fixin wéineg bekannt si ginn déi Wäiner meeschtens ënner der Appellatioun Côtes-de-Nuits-Villages gehandelt.

Marsannay[änneren | Quelltext änneren]

Gevrey-Chambertin[änneren | Quelltext änneren]

Nuits-Saint-Georges[änneren | Quelltext änneren]

Zu Nuits-Saints Georges fanne mer bal kee Grand-Cru, mä eng véierzeg Premiers-Crus. D'Premiers-Crusen an d'Appellatioun Villages sinn normalerweis no enger Lagerung vu fënnef Joer gutt a bleiwen dat och nach 3-4 Joer laang. Nuits-Saint Georges huet sou wéi Beaune een Hospice mat enger Wéngertefläch vun 9,5 ha. an enger Grand-Cru Lag mat Wäiner déi sech laang halen.

Flagey-Échezaux[änneren | Quelltext änneren]

Vosne-Romanée[änneren | Quelltext änneren]

Hei fanne mer 6 Grands-Crusen:

  • La Romanée
  • Richebourg
  • La Tâche
  • La Grande Rue
  • La Romanéé-Conti
  • Romanée-Saint-Vivant

D'Grands-Cruse leien all iwwer dem Duerf an hunn och deementspriechend héich Präisser déi kënne jee no Cru tëscht 100 an 250 Euro pro Fläsch leien. Si si relativ schwéier am Handel opzedreiwen.

Vougeot[änneren | Quelltext änneren]

Fixi n[änneren | Quelltext änneren]

Morey-Saint-Denis[änneren | Quelltext änneren]

Chambolle-Musigny[änneren | Quelltext änneren]