C++

Vu Wikipedia
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

C++ ass eng Programméiersprooch fir allgemeng Uwendungen a stellt Sproochmëttel fir abstrakt Datentyppe wéi och modular, generesch, objetorientéiert a strukturéiert Programméierung zur Verfügung. C++ baséiert op der Programméiersprooch C wéi an ISO/IEC 9899:1990 beschriwwen.

Zousätzlech zu de Méiglechkeete vun C bitt C++ weider Datentyppen, Klasse mat Verierwung a virtuelle Funktiounen, Ausnamebehandlung, Templaten (Schablounen), Nummraim, Inline-Funktiounen, Iwwerluede vun Operatoren a Funktiounsnimm, Referenzen, Operatore fir d'Fräispäicherverwaltung a mat der C++-Standardbibliothéik eng erweidert Bibliothéik.

Programmbeispill[änneren | Quelltext änneren]

De follgende Quelltext ass e Beispill fir en Hello-World-Programm an C++:

#include <iostream>

int main() {
  std::cout << "Hello, world!" << std::endl;
  return 0;
}

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Stroustrup, Bjarne: Die C++ Programmiersprache, Addison-Wesley, ISBN 3-8273-1660-X, dat Standardwierk iwwer C++, Grondkenntnisser zu C si vu Virdeel
  • Andrew Koenig, Barbara E. Moo: Intensivkurs C++, Pearson Studium, ISBN 3-8273-7029-9, gutt Buch fir Ufängerbuch, e gewëssent Grondverständnis vu Programméirung ass vu Virdeel
  • Meyers, Scott: Effektiv C++ programmieren - 50 Wege zur Verbesserung ihrer Programme und Entwürfe, Addison-Wesley, ISBN 3-8273-1305-8, fir C++-Kenntnisser nach ze verdéiwen
  • Meyers, Scott: Mehr Effektiv C++ programmieren - 35 neue Wege zur Verbesserung ihrer Programme und Entwürfe, Addison-Wesley, ISBN 3-8273-1275-2, fir C++-Kenntnisser nach ze verdéiwen
  • Sutter, Herb: Exceptional C++, ISBN 3-8273-1711-8 (däitsch), fir C++-Kenntnisser nach ze verdéiwen
  • Alexandrescu, Andrei: Modernes C++ Design - Generische Programmierung und Entwurfsmuster angewendet, mitp, ISBN 3-8266-1347-3, dat Standardwierk fir C++-Metaprogramméirung, setzt en déift Verständnis vun C++ viraus

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: C++ – Biller, Videoen oder Audiodateien