Op den Inhalt sprangen

C/2013 R1 (Lovejoy)

Vu Wikipedia
C/2013 R1 (Lovejoy)
De Koméit C/2013 R1 (Lovejoy)
Orbittyplaangperiodesch
Grouss Hallefachs243,228
Perihel0,8118 AE
Aphel486,050 AE
Exzentrizitéit0.99833
Perihelduerchgank22. Dezember 2013
Ëmlafdauerca. 10700 Joer
Ëmlafvitess46,75 km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser?
Entdecker Terry Lovejoy
Entdeckungsdatum7. September 2013
Aner Bezeechnungen

Den C/2013 R1 (Lovejoy) ass e laangperiodesche Koméit.

Den australeschen Amateurastronom Terry Lovejoy hat de Koméit op en ettleche Biller entdeckt, déi hien an der Nuecht vum 7. op den 8. September 2013 mat engem 0,2-Meter (7,9 Zoll) Schmidt-Cassegrain-Teleskop gemaach hat. De Koméit hat zu deem Zäitpunkt eng Hellegkeet vu ronn 14 mag. Déi visuell Hellegkeet vum C/2013 R1 war bis Enn September bis op 10,5 mag geklomm an hat e Mount méi spéit ongeféier 7 mag erreecht. Ufanks November 2013 gouf de Koméit fir d'éischt mat bloussem A observéiert.[1]

Den C/2013 R1 (Lovejoy) huet eis Äerd den 19. November 2013 op enger Distanz vun 61,4 Millioune Kilometer passéiert. Ëm de 27. November 2013 stoung de Koméit tëscht de Stärebiller Canes Venatici an Ursa Major.

De Koméit hat am spéide November 2013 seng gréissten Hellegkeet mat 4 mag erreecht.[2] Säi Perihel hat hien den 22. Dezember 2013 duerchlaf.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. cometography.com: C/2013 R1 (Lovejoy), ofgeruff de 16. November 2013
  2. www.universetoday.com: Tracking Comet C/2013 R1 Lovejoy through November, ofgeruff de 16. November 2013