Op den Inhalt sprangen

Caesarea

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Israel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Caesarea
Caesarea: Wat vun der fréierer Stad iwwereg blouf

Caesarea Maritima, dat heefeg einfach Caesarea oder Cäsarea, ouni Bäinumm, genannt gëtt, ass eng historesch Stad an Israel. Si läit un der Küst, am Nordweste vun Haifa an Hadera, an huet eng grouss Vergangenheet, als antik Stad vu Palestina a spéider als Festung vun de Kräizritter. Net wäit vun der fréierer Stad, déi zu de bedeitendste archeologeschen Ausgruewungssite vun Israel gehéiert, steet och déi modern Stad Caeserea oder Keisarija, wou vill Leit mat Mënz eng Villa hunn.

Caesarea Maritima gouf wéi verschidden aner Stied ënner der réimescher Besatzung gegrënnt an zu Éiere vun de réimesche Keeseren "Caesarea" genannt. De Bäinumm "Maritima" erënnert drun, dat d'Stad um Mier läit. Déi réimesch Statthalter, och de Statthalter Pontius Pilatus, sollen do hire Sëtz gehat hunn, wéi d'Archeologe behaapten. No der Zerstéierung vu Jerusalem am Joer 70 n. Chr. gouf Caesarea d'Haptstad vun der Provënz Palestina.

Commons: Caesarea Maritima – Biller, Videoen oder Audiodateien