Camp Butner
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
De Camp Butner ass haut en Trainingszenter vun der Nationalgarde vun North Carolina (North Carolina Army National Guard).
Am Zweete Weltkrich war et e Camp vun der Amerikanescher Arméi, dat zum Deel als Krichsgefaangelager fir däitsch an italieenesch Zaldote benotzt gouf. Am Camp Butner waren awer och lëtzebuergesch Zwangsrekrutéiert internéiert, déi a Gefaangenschaft geroden oder aus der Wehrmacht desertéiert waren, ënnert hinnen och de Charles Waringo.[1]
De Camp dréit den Numm vum U.S. Army Generol Henry W. Butner (1875-1937).
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Camp Butner – Biller, Videoen oder Audiodateien |