Op den Inhalt sprangen

Canal de la Meuse

Vu Wikipedia
De Canal de la Meuse südlech vu Mouzay

De Canal de la Meuse ass deen Deel vum Canal de l'Est dee vun Troussey am Departement Meuse bis op Givet an den Ardenne féiert. Deen Deel huet bis 2003 Canal de l'Est branche Nord (CeBN) geheescht. E gouf tëscht 1874 an 1887 gebaut, a seng Längt ass 272 km. De Kanal leeft am ieweschten Deel gréisstendeels parallel zur Meuse, wärend am ënneschten Deel vun Inor un, een éischter vun enger kanaliséierter Meuse schwätze kann, op där et just e puer Stécker gëtt wou de Kanal parallel dozou leeft. Meeschtens déngen déi Deeler déi als renge Kanal ausgebaut sinn, fir Meanderen z'evitéieren, wéi um Deel vu Remilly op Pont-Maugis, oder fir grouss Meuseschleefen ze schneiden, a sou vill Ëmweeër ze spueren, wéi z. B. de Canal de Glaire bei Sedan, zwou Ofkierzungen zu Charleville-Mézières, de Kanaltunnel vu Revin, den Tunnel vun Ham-sur-Meuse, e klengen Tunnel bei der Schleis zu Verdun, an e bei Kœur.

D'Schleise vun Troussey bis op Verdun sinn all am Gabarit Freycinet gebaut, an deemno zougelooss fir Schëffer vun der CEMT-Klass 1. Déi duerno bis op Ham-sur-Meuse sinn all eng ronn 10 Meter méi laang, wat awer näischt direkt un der Schëffsklass ännert. Just déi lescht Schleis flossof bei Givet, d'Schleis Quatre Cheminées ass fir Klass IV zougelooss.

D'Dimensiounen déi um Kanal zougelooss sinn, änneren deemno e puermol um Tracé vu Givet bis op Troussey.

Nodeem d'Meuse dann op belschem Territoire ass, ass de ganze Floss kanaliséiert. Dat Stéck vun der Grenz bis op Léck gëtt dacks am ieweschten Deel Meuse Namuroise genannt, a vun der Schleis vun Andenne-Seilles un gëtt och alt de Begrëff Meuse moyenne gebraucht. Fir D'Bauwierker op deem Deel kuckt wgl. Lëscht vun de Bauwierker op der kanaliséierter Meuse.

Zougeloossen Dimensioune vun de Waassergefierer

[änneren | Quelltext änneren]
Deel vum KanalLängt (Rudder ageklappt)Breet (iwwer Alles)DéifgankFräi HéichtFräi Bordhéicht[1]
Normal ChargeCharge en comble
Vun der belscher Grenz bis op de PK 1,900 (Entrée vum Hafe vu Givet)100,0011,402,205,000,100,30
Vum PK 1,900 bis 200 Meter virun der Schleis N° 58 Trois-Fontaines100,007,702,205,000,100,30
Vun der Schleis Trois-Fontaines um PK 7,100 bis virun d'Schleis N° 19 bei Verdun um PK 204,37047,505,501,803,500,100,30
D'Schleis N°19 an de Rescht vum Kanal flossop38,505,051,803,500,100,30

Ëm 1776 kënnt fir d'éischt a Frankräich d'Iddi op fir ee Kanal ze bauen deen d'Musel mat der Saône soll verbannen, an och ee fir d'Meuse mat der Musel ze verbannen. De François-Michel Lecreulx, deen Ingenieur bei Ponts et Chaussées an der Provënz Loutrengen war soll ee Projet dofir ausschaffen.

Tëscht 1842 an 1847 mécht de Jean Philippe Lacordaire en neie Projet.

Den 1. Mee 1872 geet et richteg lass. Dem H. Frécot säin neie Projet gëtt vun der Commission d'Enquête an de Conseils généraux vun de betraffenen Departementer ugeholl. Dee Projet gesäit vir, d'Saône an de Rhône mat der Meuse ze verbannen, a sou den Uschloss un déi belsch Kanäl ze maachen. Mat deem Projet hunn d'Fransousen net brauchen duerch déi Gebidder ze fueren déi se 1871 un d'Preise verluer haten.

De 24. Mäerz 1874 gëtt d'Gesetz fir de Bau vum Canal de l'Est gestëmmt an den H. Frécot gëtt Ingénieur en chef-Directeur vum Service dee sech dodrëm soll këmmeren. D'Bauzäit gouf op 8 Joer festgesat an d'Käschte goufen op 65 Millioune Frang geschat. Ee Syndikat vun de 5 betraffenenen Departementer soll dem Staat déi Sue virstrecken.

Schleisen an aner Konstruktiounen um Kanal

[änneren | Quelltext änneren]
Numm vum WierkLagKilometerpunktFonctionnementBild
30Schleis vu Mouzay49° 27’ 52.86’’ N
      05° 12’ 27.23’’ O
152,128automatiséiert
31Schleis vu Stenay148,819automatiséiert
Wier vu Stenay148,200manuell
Regléierschleis vu Stenay49° 29’ 39.71’’ N
      05° 10’ 50.71’’ O
148,148manuell
32Schleis vun Inor142,202automatiséiert
33Schleis vu Pouilly-sur-Meuse137,888automatiséiert
Wier vun Alma131,734manuell
34Schleis vun Alma130,765automatiséiert
Rullbréck vun Alma130,765automatiséiert
35Schleis vu Mouzon122,493automatiséiert
Wier vu Villers-devant-Mouzon118,000manuell
Porte de garde vu Villers-devant-Mouzon118,000manuell
36Schleis vu Remilly-Aillicourt112,763automatiséiert
37Schleis vu Sedan107,047automatiséiert
38Schleis vu Villette103,349automatiséiert
39Schleis vun Donchery99,611automatiséiert
Verbindung mam Canal des Ardennes um lénksen Uwänner96,273
Wier vun Dom-le-Mesnil95,273manuell
40Schleis vun Dom-le-Mesnil94,788automatiséiert
Wier vu Romerymanuell
41Schleis vu Romery84,280automatiséiert
Wier vu Mézièresmanuell
42Schleis vu Mézières81,310automatiséiert
43Schleis vu Montcy-Notre-Dame79,090automatiséiert
Wier vu Montcy-Notre-Damemanuell
Wier vu Joigny-sur-Meuse70,400automatiséiert
44Schleis vu Joigny-sur-Meuse70,090automatiséiert
Wier vu Levrézy63,810manuell
45Schleis vu Levrézy63,780automatiséiert
Wier vu Monthermé57,085mechaniséiert
Porte de garde vu Monthermé57,085manuell
46Schleis vun Deville54,240automatiséiert
Wier vu Commune50,120manuell
47Schleis vu Commune49° 54’ 48.48’’ N
      04° 42’ 09.92’’ O
50,000automatiséiert
Wier vun Dames de Meuse47,350manuell
48Schleis vun Dames de Meuse45,410automatiséiert
Hiefbréck vun Dames de Meuse45,410manuell
Wier vun Orzy49° 55’ 55.64’’ N
      04° 38’ 44.17’’ O
40,910manuell (Nolewier)
49Schleis vun Orzy49° 55’ 58.24’’ N
      04° 38’ 51.58’’ O
40,680automatiséiert
Wier vu Saint-Nicolas49° 55’ 56.09’’ N
      04° 37’ 31.99’’ O
manuell (Nolewier)
Tunnel vu Revin (224 Meter)49° 56’ 34.37’’ N
      04° 38’ 38.62’’ O
39,190
Bassin d'attente vu Revin49° 56’ 37.51’’ N
      04° 38’ 38.82’’ O
39.100
50Schleis vu Revin49° 56’ 38.80’’ N
      04° 38’ 42.29’’ O
39,080automatiséiert
Wier vu Saint-Joseph33,260manuell
51Schleis vu Saint-Joseph32,980automatiséiert
Wier vun Uf49° 59’ 05.38’’ N
      04° 42’ 10.70’’ O
30,460manuell
52Schleis Uf30,410automatiséiert
Wier vu Vanne-Alcorps50° 00’ 08.43’’ N
      04° 41’ 39.21’’ O
26,160manuell (Nolewier)
53Schleis vu Vanne-Alcorps25,660automatiséiert
Wier vu Fépin50° 01’ 01.05’’ N
      04° 43’ 47.89’’ O
22,700manuell (Nolewier)
54Schleis vu Fépin22,420automatiséiert
Wier vu Montigny-sur-Meuse50° 02’ 45.01’’ N
      04° 43’ 25.14’’ O
18,920manuell
55Schleis vu Montigny-sur-Meuse17,080automatiséiert
Wier vu Mouyon13,300manuell
56Schleis vu Mouyon13,120automatiséiert
Hiefbréck vun Ham-sur-Meuse50° 06’ 39.20’’ N
      04° 46’ 05.44’’ O
9,400manuell
Wier vun Ham-sur-Meuse50° 06’ 41.85’’ N
      04° 46’ 13.95’’ O
9,150manuell
57Schleis vun Ham-sur-Meuse8,360automatiséiert
Tunnel vun Ham-sur-Meuse7,435
58Schleis 3 Fontaines7,100automatiséiert
Porte de garde des 4 cheminées2,780manuell
Rullbréck 4 cheminées2,780mechaniséiert
Wier 4 cheminées2,650mecaniséiert
59Schleis 4 cheminées0,510mechaniséiert

Gemenge laanscht de Kanal

[änneren | Quelltext änneren]
De Kanal zu Mouzon

An den Ardennen:

Givet, Chooz, Ham-sur-Meuse, Aubrives, Vireux-Wallerand, Montigny-sur-Meuse, Haybes, Fumay, Revin, Monthermé, Bogny-sur-Meuse, Nouzonville, Charleville-Mézières, Nouvion-sur-Meuse, Donchery, Sedan, Remilly-Aillicourt a Mouzon.

An der Meuse:

Pouilly-sur-Meuse, Inor, Martincourt-sur-Meuse, Stenay, Mouzay, Sassey-sur-Meuse, Dun-sur-Meuse, Liny-devant-Dun, Vilosnes-Haraumont, Sivry-sur-Meuse, Consenvoye, Brabant-sur-Meuse, Samogneux, Champneuville, Vacherauville, Bras-sur-Meuse, Belleville-sur-Meuse, Verdun, Haudainville, Dieue-sur-Meuse, Génicourt-sur-Meuse, Ambly-sur-Meuse, Troyon, Lacroix-sur-Meuse, Rouvrois-sur-Meuse, Saint-Mihiel, Bislée, Kœur-la-Petite, Sampigny, Vadonville, Lérouville, Commercy, Vertuzey an Troussey.

 Commons: Canal de la Meuse – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. D'fräi Bordhéicht ass d'Minimalhéicht vum Bord déi aus dem Waasser iwwer dem plan de flottaison bei engem Schëff dat net fiert muss erausstoen.