Carl Bremiker
Carl Bremiker | |
---|---|
Gebuer |
23. Februar 1804 Hagen |
Gestuerwen |
26. Mäerz 1877 Berlin |
Nationalitéit | Kinnekräich Preisen |
Aktivitéit | Astronom |
De Carl Bremiker, gebuer den 23. Februar 1804 zu Hagen, a gestuerwen de 26. Mäerz 1877 zu Berlin, war en däitschen Astronom a Geodet.
Hien hat en Doktertitel a war Assistent vum Johann Franz Encke. De Bremiker hat doriwwer eraus de Koméit C/1840 U1 entdeckt, dee spéider säin Numm krut. Fir dës Entdeckung krut hien am Joer 1840 de Lalande-Präis.
De Bremiker war Co-Auteur vun der Logarithmentafel Vega-Bremiker a – bis zu sengem Doud – Editeur vum däitschen Nautesche Joerbuch souwéi vum franséischen „Annuaire nautique...“. De Bremiker war als Geometer bei der rheinesch-westphälescher Landesvermiessung beschäftegt, a spéider Mataarbechter um Berliner astronomesche Joerbuch souwéi Inspekter vun der "Plankammer im preußischen Handelsministerium", an zanter 1868 Sektiounschef am preisesche geodeteschen Institut.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Publikatioun vum Carl Bremiker am Astrophysics Data System
- (en) N.N.: Carl Bremiker. Monthly Notices of the Royal Astronomical Society, Vol. 38 (1878), p. 151. (Noruff)