Carl Zeiss

Vu Wikipedia
Carl Zeiss
Gebuer 11. September 1816
Weimar
Gestuerwen 3. Dezember 1888
Jena
Educatioun Friedrich-Schiller-Universitéit
Aktivitéit Entreprener, Fotograf, Physiker, Ingenieur
E Mikroskop vum Carl Zeiss (1879).

De Carl Zeiß, méi spéit Carl Zeiss, gebuer den 11. September 1816 zu Weimar a gestuerwen den 3. Dezember 1888 zu Jena, war en däitsche Mecanicien a Produzent vun optesche Lënsen. Hien huet d'Firma Carl Zeiss Jena gegrënnt, déi haut nach als Carl Zeiss AG existéiert a virufiert, optesch Apparater ze produzéieren.

An den 1840er Joren huet de Carl Zeiss zu Jena seng Karriär als Lënseschlëffer ugefaangen. Am Ufank goufe se nëmme fir Mikroskoper benotzt, ma mat der Entwécklung vun der Fotografie huet de Carl Zeiss ëmmer méi och qualitativ héich Lënse fir Fotoapparater gebaut.

1886 huet hie mam Physiker Ernst Abbe a mam Glasmécher a Cheemiker Otto Schott zesummegeschafft, fir eng nei Zort Glas z'entwéckele fir Mikroskoper, mat engem sougenannten apochromateschen Objektiv.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Auerbach, Das Zeisswerk und die Carl Zeiss-Stiftung in Jena (3. Oplo Jena 1907)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Carl Zeiss – Biller, Videoen oder Audiodateien