Ernst Abbe

Vu Wikipedia
Ernst Abbe
Gebuer 23. Januar 1840
Eisenach
Gestuerwen 14. Januar 1905
Jena
Educatioun Universitéit Göttingen,
Friedrich-Schiller-Universitéit
Aktivitéit Physiker, Astronom, Universitéitsprofesser, Sta­tis­ti­ker
Member vun Preisesch Wëssenschaftsakademie, Sächsesch Akademie vun de Wëssenschaften, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Bayeresch Wëssenschaftsakademie

Den Ernst Abbe, gebuer den 23. Januar 1840 zu Eisenach a gestuerwen de 14. Januar 1905 zu Jena, war en däitschen Astronom, Physiker a Sozialreformer.

Den Abbe gouf 1870 Professer zu Jena. Vun 1877 bis 1889 war hien Direkter vum Observatoire vu Jena. Duerno huet en d'wëssenschaftlech Leedung vun den opteschen Ateliere vum Carl Zeiss iwwerholl, a gouf ugestallt fir d'Technik vum Mikroskop weider z'entwéckelen.

Nom Doud vum Carl Zeiss huet hien als Mateegentëmer vu Carl Zeiss Jena déi Firma an d'Carl-Zeiss-Stëftung changéiert, woubäi de Benefice un déi Leit verdeelt gouf, déi do geschafft hunn.

Dem Abbe seng gréisst Leeschtunge waren an der Entwécklung vum moderne Mikroskop, de fotografesche Lënsen an der Prismespektiv.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]