Cebuano
| Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Cebuano | |
|---|---|
| Gëtt geschwat an: | Philippinnen |
| Regioun | Südoste vun Asien |
| Gëtt geschwat vun: |
ca. 18 Millioune Mammesproochler ca. 10 Millioune Zweetsproochler |
| Klassifikatioun no Sproochfamill: | |
| Offizielle Status | |
| Sproochcoden | |
| ISO 639-2 | ceb |
| ISO 639-3 | ceb[1] |

Cebuano (ausgeschwat: [sebuano]; Cebuano: Sinugboanon), och bekannt als Visayan (Cebuano: Binisayà) oder Bisayan, ass eng austroneesesch Sprooch déi zum Aascht vun de malayo-polyneesesche Sprooche gehéiert. Cebuano gëtt op de Philippinne vu ronn 18 Millioune Leit geschwat.
Den Numm gëtt ofgeleet vun der philippinnescher Insel Cebu, mat der spuenescher Adjektivendung -ano. Den alternativen Numm Bisayan gëtt dacks mat der Sprooch Bisaya (ISO-639-3-Code bsb a bsy) verwiesselt, déi laanscht der Bucht vu Brunei geschwat gëtt.
Cebuano gehéiert zu de Visayasproochen. Et gëtt eng Cebuano Versioun vun der Wikipedia an et ass déi Wiki - hannert der Englescher - mat der zweethéchster Zuel vun Artikelen (Stand: 21. Juli 2019).
Cebuano ass d'Mammesprooch vun den Awunner vu Cebu, Bohol, Negros Oriental, de Leit aus der westlecher Provënz Leyte, vu Southern Leyte, a vu groussen Deeler vu Mindanao.
Cebuano ass no Tagalog déi zweetheefegst benotzt Sprooch vun de Philippinnen.
Textbeispill
[änneren | Quelltext änneren]| Cebuano[2] | Lëtzebuergesch |
|---|---|
| Ang tanang katawhan gipakatawo nga may kagawasan ug managsama sa kabililhon. Sila gigasahan sa salabutan ug tanlag og mag-ilhanay isip managsoon sa usa'g-usa diha sa diwa sa ospiritu. | All Mënsch kënnt fräi a mat der selwechter Dignitéit an deene selwechte Rechter op d'Welt. Jiddereen huet säi Verstand a säi Gewësse krut a soll an engem Geescht vu Bridderlechkeet deenen anere géintiwwer handelen. |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Cebuano – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Wikipedia op Cebuano |
- Kuerz Lëscht vun de wichtege Wierder a Riedensaarten op Cebuano (en)
- Kuerz Lëscht vun de wichtegste Wierder op Cebuano (en)
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ SIL International: ceb; Ethnologue: ceb
- ↑ United Nations Information Centre, The Philippines, Universal Declaration of Human Rights. www.ohchr.org. Gekuckt den 22.11.2024.