Hien huet vun 1960 bis zu sengem Doud iwwer véierzeg Bicher mat Gedichter a Prosa geschriwwen.
Bis e vu sengem Schreiwe liewe konnt, huet hien op der Post geschafft, wou e Bréiwer zortéiert huet.
Seng Geschichten a Gedichter baséieren dacks op autobiographeschen Erliefnësser, sinn dann awer satiresch iwwerhéicht an handele gär vu Leit, déi vum Amercian Way of Life net vill profitéiere konnten: Strummerten, Prostituéiert, Alkoholiker, Krimineller... Säi Stil ass prezis, gär graff an direkt wann et muss sinn. Hie selwer trëtt doranner dacks a Form vu sengem literareschen Alter Ego "Henry Chinaski" (genannt "Hank") op.
Hien huet dann och d'Image vun engem versoffenen, genialen Exzentriker mat Léift selwer kultivéiert. Deementspriechend war seng Aura als "Kultauteur"; am däitschsproochege Raum goufe seng Bicher iwwer 4 Milliounemol verkaaft.
Charles Bukowski: Das Schlimmste kommt noch oder Fast eine Jugend. Deutsch von Carl Weissner, 12. Aufl., dtv, München 1986, ISBN 3-423-12386-9. (autobiographie)
Rainer Wehlen und A. D. Winans (Hrsg.): Buk: von und über Charles Bukowski. Aus dem Amerikan. von Rainer Wehlen, Erw. Sonderausg. der dt. Erstausg., Maro-Verlag, Augsburg 1989, ISBN 3-87512-090-6.
Neeli Cherkovski: Das Leben des Charles Bukowski. Aus dem Amerikan. von Gerhard Beckmann, Dt. Lizenausg., 1. Aufl. Maro-Verlag, Augsburg 1996, ISBN 3-87512-235-6.