Charles Leroux

Vu Wikipedia
Charles Leroux
Gebuer 31. Oktober 1856
Waterbury
Gestuerwen 12. September 1889
Tallinn Bay
Doudesursaach Erdrénken
Nationalitéit USA
Aktivitéit Ballonspilot

De Charles Leroux, gebuer als Joseph Johnson den 31. Oktober 1856 zu Waterbury an den USA a gestuerwen de 24. September 1889 zu Reval deemools a Russland, war en amerikanesche Ballonspilot a Fallschiermsprénger.

Hien ass bei sengem 239. Fallschiermsprong gestuerwen, wéi hie bei schlechtem Wieder iwwer der Tallin-Bucht mat sengem Fallschierm op d'Mier ofgedriwwe gouf an am Waasser gelant ass. Hien ass dobäi erdronk a seng Läich gouf réischt zwéin Deeg méi spéit erëmfonnt. Op der Strooss laanscht d'Küst bei Maarjamäe krut hien e Monument opgeriicht.

Hie gouf um Kopli Kierfecht begruewen, dee bei der zweeter Besetzung vun de Baltesche Staten ënner dem sowjetesche Regime dem Buedem gläichgemaach gouf well en an enger Militärzon louch.