Charles Manson
Charles Manson | |
---|---|
Gebuertsnumm | Charles Milles Maddox |
Gebuer |
12. November 1934 Cincinnati |
Gestuerwen |
19. November 2017 Bakersfield |
Doudesursaach | Déckdaarmkriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
National Training School for Boys, Pasadena City College |
Aktivitéit | Kriminellen, Sektechef, Seriemäerder, Museker |
Den Charles Milles Manson, gebuer den 12. November 1934 zu Cincinnati, am Ohio, a gestuerwen den 19. November 2017 zu Bakersfield, a Kalifornien, war en US-amerikanesche Kriminellen. Hie war de Leader vun der sougenannter Manson Family, enger Hippie-Kommunautéit, an der Géigend vu Los Angeles,déi wéi eng Sekt fonktionéiert huet.
D'Manson Family gouf 1969 weltwäit bekannt, wéi d'Sharon Tate, de Leno a Rosemary LaBianca a véier aner Leit vu Membere vun der Manson Family ëmbruecht goufen. De Manson hat déi Muerde kommandéiert, war awer selwer net derbäi, wéi se geschitt sinn. Hie gouf wéinst Komplott fir Muerd zum Doud veruerdeelt a souz, nodeems d'Doudesstrof 1972 a Kalifornien ofgeschaaft gi war, op liewenslänglech am California State Prison zu Corcoran.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Charles Manson – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- „Das Gesicht des Bösen“, Ingo Rentz, einestages, 6. August 2009