Seriemäerder

Vu Wikipedia

Als Seriemäerder gëtt eng Persoun bezeechent, déi mat zäitlechem Ofstand vu méi wéi 30 Deeg dräi oder méi Mënschen ëmbréngt. Den zäitlechen Intervall vun den Dote ka vun e puer Méint bis zu engem Joer goen. Dacks hëlt dësen Intervall vun Dot zu Dot of. Tëscht den Doten läit eng "cooling off" Period.

Vun hinnen z'ënnerscheede sinn d'Massemäerder, déi a kuerzer Zäit op der selwechter Plaz dräi oder méi Mënschen ëmbréngen.

De Seriemäerder plangt seng Doten, en handelt also net am Affekt. Seng Verbrieche si meeschtens extreem grausam, dacks féiert e sexuell Handlungen u sengen Affer aus, zerstéckelt se, béisst hinne Kierperdeeler of oder ësst se souguer. Dacks ginn d'Affer deeglaang virdru gefoltert bis se vum selwe stierwen oder vun him ëmbruecht ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Seriemäerder – Biller, Videoen oder Audiodateien