Lëscht vu Seriemäerder
Ausgesinn
Dës Lëscht vun de Seriemäerder ass en Deel vun de Referenztabellen.
B
[änneren | Quelltext änneren]- David Berkowitz alias Son of Sam: verurteelt wéinst 6 Muerden
- Ted Bundy: bei him gouf fir d'éischt de Begrëff „Seriekiller“ gebraucht
D
[änneren | Quelltext änneren]- Marc Dutroux: belsche Kannesmësshandler a Mäerder
G
[änneren | Quelltext änneren]- John Wayne Gacy alias Pogo the Clown: USA, 33 Affer
F
[änneren | Quelltext änneren]- Albert Fish: amerikanesche Seriemäerder, deen 1936 higeriicht gouf
J
[änneren | Quelltext änneren]- Jack the Ripper: Pseudonym vun engem Mäerder, deen ni gefaasst gouf
M
[änneren | Quelltext änneren]- Charles Manson: Kapp vun der "Manson-Famill", déi 1969 fir 8 Muerde verantwortlech war
N
[änneren | Quelltext änneren]- Arnfinn Nesset: norwegeschen Infirmier, dee mindestens 22 Leit a Fleegeheemer ëmbruecht huet
S
[änneren | Quelltext änneren]- Heriberto Seda alias The New York Zodiac Killer
- Charles Starkweather: amerikanesche Mäerder vun 11 Mënschen, deen 1959 higeriicht gouf
W
[änneren | Quelltext änneren]- Steve Wright alias Suffolk Ripper, Ipswich Ripper oder Ipswich Strangler: brittesche Mäerder, deen 2006 fënnef weiblech Prostituéiert ëmbruecht huet
X
[änneren | Quelltext änneren]- Yang Xinhai: chineesesche Seriemäerder a -vergewalteger, deen tëscht 1999 an 2003 67 Leit ëmbruecht huet an 2004 higeriicht gouf
Z
[änneren | Quelltext änneren]- Zodiac-Killer: Pseudonym vun engem Seriemäerder, dee 5 Mënschen ëmbruecht huet
- Anna Margaretha Zwanziger: däitsch Seriemäerderin, déi Mënsche mat Arsen vergëft huet an 1811 higeriicht gouf