Albert Fish

Vu Wikipedia
Albert Fish
Gebuertsnumm Hamilton Howard Fish
Pseudonym Frank Howard, Thomas A. Sprague, Robert Hayden, John W. Pell
Gebuer 19. Mee 1870
Washington
Gestuerwen 16. Januar 1936
Sing Sing
Nationalitéit USA
Aktivitéit Seriemäerder

Den Albert Fish, gebuer als Hamilton Fish den 19. Mee 1870 zu Washington D. C. an higeriicht de 16. Januar 1936 am Sing Sing-Prisong bei New York City am US-Bundesstaat New York, war en amerikanesche Seriemäerder.

Am Fish senger Famill ware scho viru senger Gebuert siwe Fäll mat mentale Problemer bekannt, dovun zwéi Familljememberen, déi a psychiatreschen Etablissementer gestuerwe waren.

Wéi de klengen Howard fënnef Joer hat, ass säi Papp gestuerwen a seng Mamm huet hien an e Weesenhaus gedoe fir kënne schaffen ze goen. Duerch déi Schwaarz Erzéiung, déi do praktizéiert gouf, ënner anerem Streech op de plakegen Hënner huet sech no an no e Masochismus erausgeschielt. Den Howard war, wéi vill Problemkanner, bis am Alter vun 11 Joer, een deen an d'Bett gemaach huet. Wéi hie mat 15 Joer aus der Schoul koum, huet hie sech Albert genannt, well e jorelaang Ham an Eggs vernannt gi war.

Duerno huet de Fish sech mat Usträicheraarbechten iwwer Waasser gehalen. Hien huet sech mat enger Fra bestuet, déi néng Joer méi jonk war wéi hien, a se hate sechs Kanner mateneen, ier seng Fra sech am Januar 1917 mat engem Kaschtgänger duerch d'Bascht gemaach huet.

No sengen eegenen Aussoen huet de Fish 1910 zu Wilmington am Delaware fir d'éischt Kéier e Mënsch ëmbruecht. Nodeem seng Fra hien am Stach gelooss hat, gouf hien ëmmer méi staark vu reliéisen Halluzinatioune gepackt. Säi Pendelen tëscht engem extreem entwéckelte Sado-Masochismus a senge reliéise Virstellunge vun Affer a Péng koum vun do un net méi un d'Halen.

Obwuel de Fish vu senger éischter Fra ni gescheet gouf, huet hie sech nach dräimol bestuet. Säi Geschlechtsliewe war eng Zort Geeschterbunn vu Perversitéiten. "Vu Gott" krut hien den Optrag fir sech sadistesch u Kanner ze vergoen. D'Zuel vu sengen Affer huet hie mat "ronn 400" uginn.

Mat der Zäit gouf de Fish aachtmol verhaft, a souz dacks am Prisong.

1928 koum et zum Fall, deen de Fish Joren drop op den elektresche Stull brénge sollt. De Fish huet sech als "Mr. Howard" an d'Vertraue vun der Famill Budd ageschlach, déi zu White Plains (New York) gewunnt huet. De Fish invitéiert dat 12 Joer aalt Grace op eng fingéiert Kannerparty, verschleeft d'Kand an en eidelt Landhaus a schluecht et. Dobäi kënnt et och zu Kannibalismus. Dee Fall wier kaum opgekläert ginn, wann de Fish net 1934, sechs Joer duerno, den Elteren e gräissleche Bréif geschriwwen hätt, fir deenen z'erzielen, datt hiert Kand dout wier, a genee ze beschreiwen, wéi dat gaange war. Duerch deen aussergewéinleche Bréifpabeier, deen de Fish benotzt hat, gouf hie gepëtzt.

Beim Verhéier huet hien der Police vun anere Muerde vun 1919, 1927 an 1934 erzielt.

1935, viru Geriicht huet de Fish plädéiert, hie wier krank am Kapp. Mä d'Volleksjury wollt dovun näischt wëssen, an huet en op den elektresche Stull geschéckt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Albert Fish – Biller, Videoen oder Audiodateien