Kannibalismus

Vu Wikipedia
Kannibale bei der Iessenszoubereedung zu Fiji géint Enn vum 19. Joerhonnert
E Fräsch, deen en anere Fräasch frësst

Als Kannibalismus (vu Caníbales, dem spueneschen Numm vun de Kariben, engem Stamm an der haiteger Karibik, dee bekannt dofir war, Kannibalismus ze praktizéieren), och nach Anthropophagie genannt, gëtt d'Iesse vu Mënschefleesch oder mënschlechen Organer duerch aner Mënsche bezeechent. Eng Persoun, déi Kannibalismus praktizéiert, gëtt Kannibal genannt. De Begrëff Kannibalismus ass och op d'Zoologie ausgedeent ginn a gëtt fir all Liewewiese vun enger bestëmmter Spezies benotzt, dat en anert Wiesen aus där Spezies frësst.

Kannibalismus war an der Vergaangenheet a villen Deeler vun der Welt verbreet a gouf a verschiddenen isoléierte Kulturen am Südpazifik bis an d'19. Joerhonnert praktizéiert. Fiji war fréier als "Kannibalen-Inselen" bekannt. Kannibalismus ass bis viru kuerzem nach a verschiddene Kricher, dorënner a Liberia an am Kongo, praktizéiert ginn. Vun de Korowai a Papua-Neiguinea gëtt ugeholl, datt Kannibalismus och haut nach zu hirer Kultur gehéiert. Historesch gesinn ass de Virworf vu Kannibalismus vun de Kolonialmuechten dofir benotzt ginn, fir d'Ënnerdréckung vun, hirer Meenung no, primitive Vëlker ze justifiéieren. An deene meeschte Länner ass Kannibalismus net verbueden; Mënschen, déi Mënschefleesch iesse ginn normalerweis wéinst aneren Ursaachen ugeklot, wéi Mord oder Läicheschändung.

Heiansdo gëtt Kannibalismus als leschten Auswee vu Leit, déi ënner enger Hongersnout leiden, praktizéiert. E relativ bekanntent Beispill sinn d'Passagéier vun engem Fligerongléck an den Anden am Joer 1971, bei deem déi Iwwerliewend Deeler vun de Läiche vun de Verstuerwene giess hu fir net z'erhéngeren. Verschidde Leit mat mentale Problemer si vun der Iddi vum Kannibalismus besiess oder liewe s'och aus; trotzdeem sinn net all Experten domat averstanen, Kannibalismus als psychesch Stéierung formell unzerkennen.

Kannibalismus bei Déieren[änneren | Quelltext änneren]

Am Déiereräich ënnerscheet een tëscht aktivem a passivem Kannibalismus. En aktive Kannibal jot a bréngt Sengesgläichen ëm, éier e se frësst, wärend e passive Kannibal nëmmen déi frësst, déi schonn dout sinn. Sexuelle Kannibalismus ass eng speziell Aart vu Kannibalismus, bei deem d'Weibche virun, wärend oder no der Kopulatioun d'Männche vun der selwechter Aart ëmbréngt a frësst. A ganz rare Fäll kënnen d'Rollen och ëmgedréint sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kannibalismus – Biller, Videoen oder Audiodateien