Op den Inhalt sprangen

Charlotte Lamort-Velter

Vu Wikipedia
Charlotte Lamort-Velter
Gestuerwen Januar 1966
Nationalitéit Lëtzebuerg

D'Charlotte Velter, bestuet Lamort-Velter, gebuer den ... a gestuerwen am Alter vun 93 Joer Enn Januar 1966 [1], war eng lëtzebuergesch Mäzeenin.

Si war koum aus enger Réimecher Famill, déi do eng Lougierwerei opgeriicht a bedriwwen huet. Wéi virum Éischte Weltkrich d'Réimecher Spidol ze kleng gi war, huet d'Famill Velter der Stad en Terrain am Buerewee geschenkt, fir do en neit Gebai ze bauen, an hat och nach eng Zomm Geld fir d'Baukäschte spendéiert. Och méi spéit beim Bau vun engem zousätzleche Fligel war d'Charlotte Lamort-Velter déi dreiwend Kraaft hannendrun.[2]

Si war mam Georges Lamort bestuet.

Fir u si z'erënneren, gouf zu Réimech eng Strooss, d'Avenue Lamort-Velter, no hir genannt.[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Avis de décès 11 Page 12. In: Luxemburger Wort, 118. Jg., n° 28 (28.01.1966), p. 12 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. In memoriam Madame Veuve Georges Lamort-Velter. In: Luxemburger Wort, 119. Jg., n° 42 (11.02.1966), p. 6 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. L-5574