Charon (Mythologie)

Vu Wikipedia
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Charon ass an der griichescher Mythologie en ale Färmann deen déi Doudeg iwwer d'Ënnerweltsflëss Acheron, Kokytos a Styx gesat a se virun d'Paarte vum Hades bruecht huet. Viraussetzung war, datt de Verstuerwene bäigesat gouf, an en Obolos, (eng Mënz) déi en him an de Mond geluecht huet, huet misse ginn.

Warscheinlech handelt et sech beim Charon ëm e fréieren Doudesgott. Dem Mythos no soll en de Jong vum Erebos a Nyx sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charon – Biller, Videoen oder Audiodateien