Chaudefontaine (Marne)
Ausgesinn
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Marne | ||||
Arrondissement | Sainte-Menehould | ||||
Kanton | Argonne Suippe et Vesle | ||||
Postcode | 51800 | ||||
Gemengecode | 51139 | ||||
Koordinaten | 49° 05’ 59’’ N 04° 52’ 12’’ O | ||||
Fläch | 1 298 ha | ||||
Bevëlkerung | 312 (1999) |
Chaudefontaine ass eng franséisch Gemeng am Departement vun der Marne an der Regioun Grand Est.
Chaudefontaine läit am Dall vun der Aisne an huet säin Numm vun enger waarmer Quell, déi do entspréngt.
D'Abtei Saint-Vanne vu Verdun, hat am 12. Joerhonnert zu Chaudefontaine e Priorat gegrënnt, dat duerno un d'Jesuitte vu Reims gaangen ass.
De Jesuitt Jean Dez, deen ënner anerem Beichtpapp vum Grand Dauphin war, huet zu Chaudefontaine am Klouschter gelieft.
Architektur
[änneren | Quelltext änneren]Besonnesch Gebaier sinn dat fréiert Schlass vu Bignipont, dat an e grousse Bauerenhaff ëmgebaut gouf, an D'Schlass vu Vaux vun 1886.
D'Kierch gouf 1774 gebaut, a vum Klouschter sinn nach just d'Kelleren ze gesinn.