Chess960

Vu Wikipedia

Chess960, ursprénglech och Fischer Random Chess, ass eng vum Schachgroussmeeschter Bobby Fischer entwéckelt Schachvariant mat 960 méiglechen ënnerschiddlechen Ausgangsstellungen. U sech ass et eng Verallgemengerung vum Schachspill duerch eng bal belibeg Opstellung vun de bekannte Schachfiguren op der Grondrei vu jiddwer Partei.

D'Reegele fir Chess960 goufen 2009 vum Weltschachbond FIDE als Bestanddeel vun de Schachreegelen an hiert Reegelwierk opgeholl.[1]

Reegelen[änneren | Quelltext änneren]

Bis op déi eventuell ënnerschiddlech Ausgangsstellung an déi verallgemengert Rochadereegelen, sinn d'Reegele vun Chess960 déi selwecht wéi beim normale Schach.

Ausgangsstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Virun enger Chess960-Partie gëtt eng zoufälleg Ausgansstellung gewielt. Allerdéngs muss d'Ausgangsstellung déi follgend Krittären erfëllen: Déi wäiss Bauere stinn all op der zweeter an déi aner wäiss Figuren op der éischter Rei. Ausserdeem muss de wäisse Kinnek tëscht den zwee Tierm stoen an d'Felder, op deenen déi zwee Leefer stinn, däerfen net déi selwecht Faarf hunn. Déi schwaarz Figure gi spigelsymmetresch zu deene wäissen opgestallt (steet z. B. de wäisse Kinnek op f1, da gëtt de schwaarze Kinnek op f8 gestallt etc.).

D'Zuel vun Ausgangsstellunge kann ee berechnen: Well déi zwee Leefer op Felder mat verschiddene Faarwe stoe mussen, gëtt et fir de schwaarzfeldregen an de wäissfeldrege Leefer jeeweils 4 méiglech Felder. Fir d'Damm bleiwen dann nach 6 Felder iwwreg a fir déi zwee Sprénger nach 5 respektiv 4. Fir déi zwee Tierm an de Kinnek gëtt et da just nach eng méiglech Placéierung, well de Kinnek tëscht den Tierm stoe muss. Domat kënnt een op méiglech verschidden Ausgansstellungen, woubäi mer duerch 2 deelen, well déi zwee Sprénger onënnerscheedbar sinn a mer soss all Stellung zweemol zielen (mat vertoschene Sprénger). Dohier kënnt och den Numm „Chess960“ .

D'Rochade[änneren | Quelltext änneren]

D'Rochade funktionéiert beim Chess960 e bëssen anescht wéi beim normale Schach, well d'Placéierung vun den Tierm an dem Kinnek eng aner ka sinn. Beim Chess960 gëtt et zwou Rochaden:

  • D'c-Rochade, mat dem Tuerm, dee méi no bei der a-Linn steet: De Kinnek kënnt op d'c-Linn an den Tuerm op d'd-Linn.
  • D'g-Rochade, mat dem Tuerm, dee méi no bei der h-Linn steet: De Kinnek kënnt op d'g-Linn an den Tuerm op d'f-Linn.

Dobäi muss ee berécksiichtegen, datt keng Figuren iwwersprongen däerfe ginn. Konkreet: Wann ee sech de bedeelegten Tuerm an de Kinnek ewech denkt, däerfen tëscht an op dem Ausgangs- an dem Zilfeld vum Tuerm bzw. dem Kinnek keng Figure stoen. Ausserdeem däerfen, wéi beim normale Schach, de bedeelegten Tuerm an de Kinnek nach net geréckelt gi sinn; dobäi muss ee preziséieren, datt een Tuerm oder ee Kinnek als geréckelt gëllt, soubal en un enger Rochade bedeelegt war.[2] Zu gudder Lescht däerfen d'Ausgangs- an d'Zilfeld vum Kinnek souwéi all d'Felder dertëschent net ugegraff sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chess960 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Laws of Chess taking effect from 1 January 2023, Guidelines II. Chess960 Rules (opgeruff den 2.2.2023). Eeler Versioune vum „FIDE Handbook“ fënnt een och op där Säit.
  2. Et kann nämlech jee no Ausgangsstellung virkommen, datt de Kinnek oder den Tuerm no enger Rochade op deem selwechte Feld steet wéi virdrun. Z. B. bei Ta1, Kc1 an der Ausgangsstellung hu mer no der c-Rochade Td1 an Kc1.