Chris Pavone

Vu Wikipedia

De Chris Pavone, gebuer 1968, ass en US-amerikanesche Schrëftsteller.

Hien ass zu New-York opgewuess. No engem Ofschloss op der Cornell University an huet eng 20 Joer fir Verlage geschafft, wou e sech op d'Editioun vu Kachbicher spezialiséiert huet.[1]

Tëscht 2000 an 2002 huet hie mat Fra a Kanner zu Lëtzebuerg gelieft. Hie war deemools Hausmann, dee sech ëm d'Kanner gekëmmert huet.[2] An där Zäit huet hien ugefaange u sengem Kriminalroman The Expats ze schreiwen, deen d'Geschicht vun enger fréierer CIA-Geheimagentin, der Kate Moore, beschreift, déi mat hirem Mann op Lëtzebuerg geplënnert ass, deen do fir eng Bank schafft. Dat neit Liewen als Expat ass net einfach fir si, zemools al Gewunnechten aus hirem fréieren Job net sou einfach ewechzekréie sinn…[3]

The Expats koum am Mäerz 2012 eraus.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • The Wine Log, A Journal and Companion. 1999.
  • The Expats. A Novel. Crown, 2012.
  • The Accident, 2014.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Biography" op chrispavone.com (en); gelies de 15. Juni 2012.
  2. Cecilia Rodriguez: "Luxembourg: nest of intrigue, secrets, danger." in: flydoscope 2/2012, S.38-41.
  3. Beschreiwung op amazon.com