Christiaan Barnard

Vu Wikipedia
Christiaan Barnard
Gebuertsnumm Christiaan Neethling Barnard
Gebuer 8. November 1922
Gestuerwen 2. September 2001
Doudesursaach Asthma
Nationalitéit Südafrika, Éisträich
Educatioun Universitéit vu Kapstad,
University of Minnesota
Aktivitéit Chirurg, Dokter, Schrëftsteller

De Christiaan Neethling Barnard, gebuer den 8. November 1922 zu Beaufort West a Südafrika, a gestuerwen den 2. September 2001 zu Paphos, op Zypern, war e südafrikaneschen Häerzchirurg a Pionéier am Domaine vun den Häerztransplantatiuonen.

Den 3. Dezember 1967 huet eng südafrikanesch Ekipp ënner senger Leedung am Groote Schuur Hospital zu Kapstad als éischt op der Welt eng Häerztransplantatioun bei engem Mënsch duerchgefouert. De Patient, de Louis Washkansky, huet d'Operatioun 18 Deeg iwwerlieft.

Dëst huet hie weltwäit bekannt gemaach. Hie gouf e Mediestar, och an Amerika an Europa, an ass dacks op de Klaatsch- an Traatsch-Säite vun den Illustréierten opgedaucht. Hien huet weider bis 1983 als Chirurg geschafft, bis e wéinst Arthrite huet missen ophalen. Duerno huet en als Wëssenschaftler an engem Häerzzentrum zu Oklahoma, an den USA, geschafft.

No senger Pensioun ass de Barnaard an Éisträich wunne gaangen, wou d'Christiaan Barnard Foundation gegrënnt huet, déi benodeelegte Kanner op der ganzer Welt hëlleft, an och a seng Heemecht op Beafort West.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Human cardiac transplantation. 1968
  • One life. 1969
  • Heart Attack: You Don't Have To Die. 1971
  • The Unwanted. 1974
  • South Africa: Sharp Dissection, In the Night Season. 1977
  • Best Medicine. 1979
  • Good Life – Good Death. 1980
  • The Arthritis Handbook, The Best of Barnard, The Living Body, The Faith. 1984
  • Your Healthy Heart. 1985
  • The Second Life. 1993. (Memoiren)
  • Fifty Ways to a Healthy Heart. 2000

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Christiaan Barnard – Biller, Videoen oder Audiodateien