Chukwuemeka Odumegwu Ojukwu

Vu Wikipedia
Chukwuemeka Odumegwu Ojukwu
Gebuer 4. November 1933
Zungeru
Gestuerwen 26. November 2011
London
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Nigeria
Aktivitéit Politiker, Militär

De Chukwuemeka Odumegwu Ojukwu, gebuer de 4. November 1933 a gestuerwen de 26. November 2011, war en nigerianeschen a biafranesche Staatsmann. Hie war vun 1967 bis 1970 President vun der Republik Biafra.

Den Chukwuemeka Ojukwu war Läitnant-Colonel an der nigerianescher Arméi.

No engem Biergerkrich tëscht deene verschiddene nigerianesche Stämm gouf den 30. Mee 1967 d'Onofhängegkeet vu Biafra ausgeruff, anden Ojukwu gouf zum President dovun ernannt.

Hien ass den 8. Januar 1970 zeréckgtrueden.

Bis 1980 huet hien an der Verbannung misse liewen. Duerno huet hien 1983 fir den Nigerianesche Senat, an 2003 fir d'Presidentschaftswale kandidéiert, gouf awer net gewielt.