Circuit auto-pédestre
E Circuit auto-pédestre ass e Wanderwee zu Lëtzebuerg dee vun der Generaldirektioun fir Tourissem am Wirtschaftsministère ënnerhale gëtt. Et gëtt 201 där Wanderpied am Land. D'Iddi ass, datt ee mam Auto op eng Plaz fiert, wou den Depart ass, an och do erëm, no engem Tour tëscht 4 a 16 km, ukënnt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1966 gouf d'Netz vun Autopedesteren agefouert, et gouf dunn 20 Tier. Zwee Joer drop waren et der duebel sou vill. Mëtt vun den 1970er Jore gouf et 86 Auto-Pédestres, an nach eng zéng Joer méi spéit der 170. An den 1990er Jore gouf déi aktuell Zuel vun eppes iwwer 200 Tier erreecht.[1]
Markéierung
[änneren | Quelltext änneren]- Véiereckeg blo Panneaue mat wäisser Schrëft markéieren den Depart vun all Auto-pedester-Circuit.
- D'Schëltercher mat bloem Dräieck op wäissem Fong stinn a reegelméissegen Ofstänn laanscht d'Auto-pedester-Tier. Si weisen d'Nummer vum Wee un (schwaarz Ziffer 1 oder 2 op bloem Dräieck) an och d'Richtung, an déi de Wee virugeet (ob no lénks oder riets). Amplaz vum Schëldchen, kann d'Symbol och op z. B. e Bam opgemoolt sinn.
Vun 2022 bis Mëtt 2023 goufen d'Weemarkéierunen no an no geännert: Amplaz vum dräieckege Feil kënnt eng blo Raut. Dës nei Schëltercher ginn esou ubruecht, dass een, anescht wéi virdrun, de Circuit a béid Richtunge goe kann. Bei den Departs-Schëlter kënnt e QR-Code bäi, sou datt een de Wee och Online nokucke kann.[1].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Circuits Auto-pédestres - 201 Randonnées sélectionnées au Grand-Duché. Luxembourg, Éditions Guy Binsfeld. ISBN 978-2-87954-185-3.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Auto-pedester-Schëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- All d'Wanderpied op geoportail.lu, der offizieller Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie.
- „Steve Gaffiné, die Pandemie und das Wandern“ op wort.lu an ënnert dem Titel „Wanderlust liegt in der Luft“ an der Drockversioun vum Luxemburger Wort den 10. Abrëll 2021 (S. 28-29)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 "Autopédestres bekommen neue Hinweisschilder." wort.lu, 16.12.2021.