Coffeeshop (Holland)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Coffeeshop ass eng toleréiert Verkafsplaz vu liichten Drogen (Cannabis) an Holland. Do gëtt entweeder vum Besëtzer oder vun engem sougenannten Hausdealer Cannabis verkaaft.

Coffeeshop-Lizenz zu Amsterdam

Nach ëmmer ass zanter 1961 de Verkaf vu Cannabis duerch en Ofkommes vun der UNO illegal, mä 1976 ass vun enger Komissioun gerode ginn, d'Prioritéit vun de Polizisten nei ze definéieren, fir déi z'entlaaschten. Mat enger Reform vun engem Opium-Gesetz gouf de Verkaf vu liichten Drogen toleréiert. Vun do u gouf ënner bestëmmte Konditiounen op eng Verfollgung vun de Konsumente verzicht.

Reegele vun engem Coffeeshop[änneren | Quelltext änneren]

An engem Coffeeshop gëtt et gewësse Reegelen, déi och nach AHOJG-Krittäre genannt ginnn.

  • A - fir "geen affichering" wat sou vill heescht wéi keng Reklamm;
  • H - fir "geen harddrugs" also kee Verkaf vun haarden Drogen, déi och net am Besëtz vun de Konsumenten däerfe sinn;
  • O - fir "geen overlast" wat heescht, datt d'Noperen net däerfe gestéiert ginn;
  • J - fir "geen verkoop aan jeugdigen" - an engem Coffeeshop däerf keen Dealer engem Jugendlechen ënner 18 Joer eppes verkafen;
  • G - fir "geen verkoop van grote hoeveelheden" wat hescht, datt keng grouss Quantitéite verkaaft däerfe ginn: an engem Coffeeshop däerf een net méi wéi 5g kafen.

Fir datt déi Krittären agehale ginn, kënnt d'Police reegelméisseg Kontrollen an d'Coffeeshope maachen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cannabis coffee shops in Amsterdam – Biller, Videoen oder Audiodateien