Col de la Lèbe

Vu Wikipedia
Col de la Lèbe
De Col op enger aler Postkaart

De Col op enger aler Postkaart
De Col op enger aler Postkaart
Land Frankräich
Héicht (Depart) Artemare 258 m
Héicht (Arrivée) 914 m
Längt 16,5 m
Koordinaten 45° 55’ 09’’ N
      05° 37’ 09’’ O
Pente (Moyenne) 4 %


De Col de la Lèbe ass en 914 m héije Col an der Gemeng Sutrieu am Departement Ain. Iwwer de Col leeft d'Departementale D8 déi vun der D904 tëscht Artemare à Virieu-le-Grand fortgeet an iwwer Belmont-Luthézieu op de Col féiert, an duerno weider iwwer Hauteville-Lompnes op Corlier wou se Uschloss un d'Departementalen D11 an D12 huet.

Intressant fir Vëlossportler ass d'Ascensioun vum Dall vum Séran vun Artemare aus mat Depart op enger Héicht vun 258 Meter. D'Streck fir op de Col ass 16,5 km laang mat enger Pente vu 4 % an der Moyenne.

Vum Col huet ee bei klorem Wieder eng gutt Vue op de Grand-Colombier.

De Col am Tour de France[änneren | Quelltext änneren]

Den Tour de France ass bis elo [2020] zweemol iwwer de Col gefuer an zwar an der 7. Etapp vum Tour de France 2007 an an der 10. Etapp vum Tour 2012.


Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]