Comicline

Vu Wikipedia

D'Comicline asbl gouf am Januar 1999 ënner dem Numm Cercle Comics asbl gegrënnt, fir och de Lëtzebuerger eng Ulafstell vun der 9. Konscht ze ginn. D'Grënner waren de Ronald Mordiconi, Luke Haas a Georges Lellinger.

De Veräin hat sech net nëmmen op Comics spezialiséiert, mä och ausféierlech mat de Mangas beschäftegt, de franséisch-belsche BDen, souwéi den Animes an den Zeechentrickfilmer.

Auteuren, Kënschtler oder Zeechner aus all Altersgrupp haten an dem Veräi matgemaach, z. B.: Roger Leiner, Lucien Czuga, Fern Weirich, Andy Genen, Claude Christ, Marina Herber, Nathalie Tull, souwéi d'Cartoonisten Florin Balaban a Carlo Schneider.

De Veräin hat versicht all Joer e Comicmagazin erauszebréngen an hat (onreegelméisseg) en eegene Comicfestival (Comicline = 2002-2005) organiséiert.

De "Cercle Comics asbl" gouf am Januar 2006 a "Comicline asbl" ëmgedeeft.

Enn Januar 2007 huet Comicline seng Dieren zougemaach. D'Websäit Comicportal.lu gouf spéider och vum Netz geholl.

Am Juli 2007 goufen d'Aktivitéite vum Veräi vun engem neie Comité, deen nëmmen aus Jugendlecher bestanen huet, nees opgegraff.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]