Concours Mini-Fuerscher

Vu Wikipedia

De Concours Mini-Fuerscher ass e Concours, bei deem Schoulkanner opgeruff ginn, eng perséinlech Fuerschungsaarbecht am de beräicher Wëssenschaften an Technologien duerchzeféieren. De Concours gëtt zanter dem Joer 2002 all Joer vum Veräi Jonk Fuerscher Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat dem Educatiounsministère duerchgefouert.

Un de Concours deelhuele kann all Kand aus dem 5. a 6. Schouljoer, deen eng wëssenschaftlech Fuerschung zesumme mat der Léierpersoun duerchgefouert huet, e kuerze Bericht dozou geschriwwen huet a seng Fuerschung erkläre kann.