Confrérie du Palmberg
| Confrérie du Palmberg | |
|---|---|
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Zweck | Wäibau |
| Grënnungsdatum | 13. Dezember 1984 |
| Sëtz | Ohn |
| 15, rue de la Résistance | |
| President | Bob Max („Groussmeeschter“)[1] |
| Sekretärin | Judith Hippert |
| Tresorier | Hubert Ahles |
| RCS | F12432 |
| Websäit | https://www.confreriepalmberg.lu |
|
| |
D'Confrérie du Palmberg ass eng lëtzebuergesch Vereenegung vun Ohner Wënzer, déi sech als Zil gesat huet, d'Qualitéit vun hire Wäiner ervirzesträichen.
Si gouf den 13. Dezember 1984 als ASBL gegrënnt. De Pällembierg, d'Symbol vun Ohn, ass e Wéngert, duerch deen och Fousstoure méiglech sinn.
Ziler vum Veräin
[änneren | Quelltext änneren]D'Haaptziler vum Veräin sinn:
„L'Association a pour objet :
a) La diffusion et la défense des traditions, tant culturelles que gastronomiques et vinicoles de la région de la Moselle et spécialement celles de la localité Ahn.
b) L'organisation de toutes manifestations publiques ou privées ou le renom des traditions de la région de la Moselle, pourra être appréciée et défendue, et la participation, sous quelque forme que ce soit, à pareilles manifestations ;
c) Le développement de l'amitié et de la solidarité entre ses membres, le réveil et la pratique des anciennes traditions folkloriques et vinicoles en respectant essentiellement le généreux amour de la vie et la cordiale fraternité humaine dont elle témoigne.
d) L'association peut s'intéresser de quelque façon que ce soit à toute autre association ayant un objet similaire au sien et faire toutes opérations tendant à réaliser son objet, mais elle s'interdit absolument toute manifestation ou opération politique, publicitaire ou commerciale.“
Organigramm
[änneren | Quelltext änneren]- De Groussmeeschter
- Den Zeremoniemeeschter
- Den Echiquiermeeschter
- De Casse-Plume
- De Receveur
- De Stullmeeschter
- Den Traditiounswiechter
- Dräi Wiechter
Kleeder
[änneren | Quelltext änneren]D'Membre vun der Confrérie droe bei Feieren déi fréier Sonndesfräck vun de Wënzer:
- Stréihutt
- riefgrénge Fischi
- wäisst Hiem
- Kellerschiertech ëm de Bauch
Emblème
[änneren | Quelltext änneren]Dem Wënzer seng Hatt, déi iwwer Kräiz gedroen ass mat engem rout a bloe Band
Festlechkeeten
[änneren | Quelltext änneren]Zwéi Chapitren; een am Fréijoer an een am Hierscht. Bei dëse Vollversammlunge ginn nei Memberen opgeholl.
Si trieden och am Ausland bei Wäifester op, an am Juli organiséiere si dat "Ohner Wäifest".
Am Duerf ass e Caveau, en Degustatiounskeller mat Ohner Wäiner, déi vun der Confrérie selektionéiert goufen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Traditionelle Weinkultur - Weinbruderschaft Confrérie du Palmberg. Confrérie du Palmberg. Gekuckt de 17.10.2025.
