Op den Inhalt sprangen

Conrad Glass

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Conrad Glass
Gebuer 20. Januar 1961
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Polizist

De Conrad "Connie" Glass, MBE[1], gebuer den 20. Januar 1961 op Tristan da Cunha[2], ass en tristanesche Polizist, Politiker[3] an Auteur[4].

Hien huet ënner anerem an der lokaler Fëschfabrick an am Supermarché geschafft. Vun 1986 bis 87 war de Glass op St. Helena am Saint Helena Police Service an zanter den 1990er ass hie Polizist op Tristan da Cunha. 1998 krut hie de Grad vum Inspekter[2]. Vun 2007 bis 2010 war hien den Chief Islander vun der Insel (Tristan da Cunha's Chief Islander)[2].

Zanter méi wéi 25 Joer ass de Conrad Glass (Stand: 2015[5]) den eenzegen aktive Polizist op Tristan da Cunha, deem entleeënsten Archipel op der Äerd mat ronn 250 Awunner a bal ouni Kriminalitéit[6].

Hien ass och bekannt als den Auteur vum Buch iwwer seng Heemechtsinsel, Rockhopper Copper (2005). Faktesch ass de Glass den éischte Schrëftsteller bei den Tristaner[4].

  • Member vum Order of the British Empire (2011) [7].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Archive copy Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 23.06.2014.
  2. 2,0 2,1 2,2 Archive copy Archivéiert de(n) 06.09.2014. Gekuckt de(n) 23.06.2014.
  3. Archive copy Archivéiert de(n) 07.09.2014. Gekuckt de(n) 23.06.2014.
  4. 4,0 4,1 Archive copy Archivéiert de(n) 07.04.2014. Gekuckt de(n) 23.06.2014.
  5. https://www.welt.de/reise/Fern/article171510129/Kreuzfahrt-zum-abgelegensten-bewohnten-Ort-der-Welt.html
  6. Archive copy Archivéiert de(n) 05.12.2014. Gekuckt de(n) 23.06.2014.
  7. https://www.webcitation.org/6QXS8uEz2?url=http://www.tristantimes.com/art_8401_33_31_1.html