Op den Inhalt sprangen

Saint Helena

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Saint Helena
Geographie
Land Vereenegt Kinnekräich, Saint Helena, Ascension an Tristan da Cunha
Koordinaten 15°57'S, 5°43'W
Fläch 121 km²
Längt 15 km
Breet 11 km
Héchste Punkt Diana's Peak (818 m)
Verwaltung
Verwaltungseenheet Saint Helena, Ascension an Tristan da Cunha
Demographie
Awunner 3.924
Awunnerdatum 2022
Aner Informatiounen
Entdeckt 1502 (julianesch)
Genannt no Helena vu Konstantinopel
Zäitzon UTC±0
Nationalhymn God Save the King
Internet TLD .sh
Internat. Telefonsprefix +290
Lag vu Saint-Helena


Saint-Helena ass eng kleng Insel am Südatlantik an eng vun den dräi Insele vum britteschen Iwwerséigebitt Saint Helena, Ascension an Tristan da Cunha. Zum Gebitt gehéieren nach Ascension an eng kleng Inselgrupp ëm Tristan da Cunha.

D'Insel läit 1.868 Kilometer vun Afrika (Angola) an 3.286 km vu Südamerika (Recife, Brasilien) ewech an huet 3.924 Awunner(Stand: 2022).

Den héchste Punkt vun der vulkanescher Insel läit op 818 m (Diana's Peak). D'Klima ass mëll ozaenesch. D'Landwirtschaft huet sech fréier op den Ubau vu Fluess, dee fréier fir d'Fabrikatioun vu Postsäck fir d'Royal Mail benotzt gouf, beschränkt. Et gëtt och nach Kaffi, Geméis an Uebst ugebaut a Véi geziicht.

D' Longwood House, wou den Napoleon wärend senger zweeter Verbannung gewunnt huet

Saint-Helena ass an der Geschicht bekannt ginn, well den Napoleon Bonaparte dohi verbannt gi war a wou en och gestuerwen ass.

Commons: Saint Helena – Biller, Videoen oder Audiodateien