Contrôle et information du trafic sur les autoroutes
De Projet Contrôle et information du trafic sur les autoroutes, de sougenannte CITA, ass e Kontroll- an Informatiounssystem fir de Verkéier op de lëtzebuergeschen Autobunnen, deen der Adminstration des ponts et chaussées, an domat dem Ministère des travaux publics, ënnersteet.
Stationéiert ass de CITA zu Bartreng mam Centre d'intervention et d'entretien des autoroutes an dem Service maintenance Bartreng vun der "Division des ouvrages d'art", déi sech ëm Brécken, Kanalréier an de Mäerterter Hafe këmmert.
De baussenzegen Deel vum CITA besteet aus engen 300 Kameraen an de Panneaue mat Liichtschrëft, de "Panneaux à messages variables" (PMV), déi op den Autobunnen opgeriicht sinn.
Déi Stroossentelematik erlaabt et, de Verkéier méi flësseg a méi sécher ze maachen, besser an éischter op Evenementer ze reagéieren an d'Automobilisten z'informéieren.
Den Observatiounsraum
[änneren | Quelltext änneren]Am groussen Observatiounsraum vum CITA sinn op enger Wand 30 Moniteuren, véier eppes méi grouss Ecranen, déi zesummegeschalt kënne ginn an eng Autobunnskaart ze gesinn, déi vun op d'mannst zwee Leit iwwerwaacht ginn.