Contrat d'auxiliaire temporaire

Vu Wikipedia

Zanter 1978 gëtt et Moossname fir de Jonken ze hëllefen, eng Aarbecht ze fannen. Den 12. Februar 1999 gouf am PAN (Plan d'action national) d'Gesetz iwwer de contrat d'auxiliaire temporaire agefouert.

Text am Original:

Article I. La loi modifiée du 27 juillet 1978 portant diverses mesures en faveur de l'emploi des jeunes,ainsi que les dispositions de l'article 36 de la loi du 19 décembre 1983 concernant le budget des recettes et des dépenses de l'Etat pour l'exercice 1984 sont abrogées et remplacées par les articles 1er à 25 suivants, dont l'intitulé prend la teneur suivante: Loi du 12 février 1999 portant diverses mesures en faveur de l'emploi des jeunes.

Chapitre 1er. Le contrat d'auxiliaire temporaire.

Dëst Gesetz gouf duerch d'Gesetz portant introduction d'un Code du Travail vum 31. Juli 2006 ofgeschaaft an ersat.

De Contrat de travail auxiliaire gëtt an deem Gesetz am Kapitel III - Insertion des jeunes dans la vie active Section 1. Contrat d'auxiliaire temporaire frësch definéiert.

Am Duerchschnëtt benotzen 2400 Jonker all Joer déi Hëllef, 72% dovun am ëffentleche Secteur.

Am Volleksmond ginn dës Kontrakter CAT genannt.

Zil vum contrat d'auxiliaire temporaire[änneren | Quelltext änneren]

De contrat d'auxiliaire temporaire huet als Zil, engem Jonken, deen eng Aarbechtsplaz sicht, praktesch Erfarung ze ginn, an den Iwwergank vun der Schoul an d'Aarbechtswelt méi einfach ze maachen.

Fir wien ass den CAT?[änneren | Quelltext änneren]

Dës Mesure ass nëmmen zougänglech fir:

  • Leit déi Aarbecht sichen
  • déi zanter méi wéi engem Mount op der ADEM ageschriwwe sinn
  • net méi al si wéi 30 Joer

Betraffe Secteuren[änneren | Quelltext änneren]

D'ADEM ka follgenden Instanzen CAT'e virschloen:

  • dem private Secteur
  • dem Staat
  • de Gemengen
  • de Gemengesyndikater
  • den ëffentlechen Ariichtungen
  • jiddwer Organissem, Institutioun, Associatioun oder Grupp vu Leit déi een net lukratiivt Zil verfollegen

Dauer vum Kontrakt[änneren | Quelltext änneren]

Een CAT Kontrakt ass mindestens op eng Dauer vun 3 Méint. Den Kontrakt kann eemol verlängert ginn, mä däerf am Ganzen net iwwer 12 Méint erausgoen.

Mä, de Ministre de l'Emploi et du Travail kann enger zweeter Verlängerung vu maximum 6 Méint zoustëmme fir follgend Ausnamen:

  • Asbl'en dei eng Konventioun mam lëtzebuergesche Staat ënnerschriwwen hunn
  • Asbl'en dei een Agrément mam Ministère de l'Emploi et du Travail hunn, mam Zil jonk Leit op den Aarbechtmaart ze kréien
  • d'Gemengen
  • d'Gemengesyndikater

Nëmmen Aarbechtloser dei op der ADEM ageschriwwe sinn, kënne vun dëse Virdeeler profitéieren. D'Kandidaten däerfen net méi al si wéi 30 Joer.

Loun[änneren | Quelltext änneren]

Wann et sech em een net qualifizeierten Aarbechter handelt, kritt den CAT follgend Gehalt:

  • 80% vum Mindestloun
  • 100% vum Mindestloun wann hie kenger Formatioun muss nogoen

En CAT deen en Diplom huet vun engem Zyklus vun op d'mannst 4 Joer Études supérieures kritt:

  • 80% vum Mindestloun vun enger qualifizéierter Aarbechtskraaft
  • 100% vum Mindestloun vun enger qualifizéierter Aarbechtskraaft wann hie kenger Formatioun muss nogoen

De Mindestloun ass festgesaat bei:

  • 1.466,77 € fir net qualifizéiert Aarbechter
  • 1.760,12 € fir qualifizéiert Aarbechter

De Fonds pour l'emploi iwwerhëlt:

  • 50% vum Loun deen de Jonken am Kader vun engem CAT am private Secteur kritt
  • 85% vum Loun deen de Jonken am Kader vun engem CAT bei Gemengen, asbl'en an établissements d'utilité publique kritt
  • 100% vum Loun deen de Jonken am Kader vun engem CAT beim Staat a bei ëffentlechen Ariichtunge kritt

Tuteur[änneren | Quelltext änneren]

Den Tuteur huet als Missioun dem jonken Aarbechter bäizestoe wärend senger Zäit als CAT. Am Prinzip ass ëmmer een Tuteur pro Ariichtung dee sech ëm CAT'en këmmert.

Formatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Au cours de la mise au travail temporaire, le travailleur CAT peut éventuellement se voir proposer de suivre des cours de formation pendant ses heures de travail. Cette initiative vise principalement à palier d'éventuelles carences au niveau de la formation.

D'Course gi vun der ADEM decidéiert an/oder organiséiert, dem Service de la formation professionnelle vum Ministère de l'Education nationale oder nach vum Institut national d'administration publique.

Dispositioune fir de Privatsecteur[änneren | Quelltext änneren]

Patronen déi jonk Leit am Kader vun engem CAT beschäftegen, kënne vum Fonds pour l'emploi wa se eng Demande maachen, 50% vum Loun rembourséiert kréien. Dëst sinn am Fall vun enger Beschäftegung vu Persounen du sexe sous-représenté 65%.

De Fonds pour l'emploi dréit och dem Patron säin Deel vun de Sozialkotisatiounen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]