Costa Blanca

Vu Wikipedia

D'Costa Blanca ass eng Küst am Oste vu Spuenien an der Provënz Alicante a läit um Mëttelmier. Si geet vun Denia am Norde bis op Pilar de la Horadada am Süden a besteet aus 244 km laange Plagen a Buchten.

Aner Uertschaften un der Costa Blanca sinn: Jávea, Calpe, Altea, Benidorm, Villajoyosa, Campello, Alicante, Santa Pola, Orihuela an Torrevieja.

Südlech grenzt d'Costa Blanca un d'Costa Cálida an nërdlech un d'Costa de Valencia.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Informatioune fir Touristen, Fotogallerie, d'Wieder a villes méi...