Putsch

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Coup d'État)

E Putsch oder Staatsstreech (fr:: Coup d'État) ass de Versuch vun enger Minoritéit, mat enger iwwerraschender, meeschtens mat Gewalt verbonnener Aktioun d'Regierung ze stierzen an d'Muecht am Staat diktatoresch z'iwwerhuelen.

Putschisten si meeschtens Offizéier oder Cheffe vu paramilitäreschen Organisatiounen. Wann d'Putschisten zum Militär gehéiere schwätz ee vun engem Militärputsch. Dacks hëlt duerch e Putsch och eng Grupp d'Muecht, déi schonn Deeler vum Staat legitim kontrolléiert, z. B. wann eng Regierung oder e Regierungschef d'Parlament entmuecht, d'Legislativ deemno vun der Exekutiv ausgeschalt gëtt. Dacks féiert e Putsch zu der Herrschaft vun engem autoritäre Regimm, z. B. enger Militärdiktatur

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuert "Putsch" kënnt aus der Schwäiz, et heescht souvill wéi Knuppert oder Poufert. 1839 war et zu Zürich zu engem Opstand komm, dee géint d'Regierung geriicht war. Duerch d'Zeitunge gouf de Begrëff am däitsch-, franséisch- an engleschsproochege Raum verbreet.

"Putsch" a "Staatsstreech" (Coup d'État) sinn net ganz dat selwecht: Bei engem Putsch kënnt den Ëmstuerz vun der Regierung vu baussen (z. B. duerch d'Militär), bei engem Staatsstreech dogéint vu "bannen", z. B. duerch Membere vun der Regierung. De Begrëff Staatsstreech geet zeréck op den Napoleon, dee 1799 d'Muecht a Frankräich iwwerholl huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]