Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire

Vu Wikipedia
François Bouchot, Coup d'État des 18-19 brumaire an VIII

Mam Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire (9. an 10. November 1799) kënnt den Napoléon a Frankräich un d'Muecht.

U sengem Enn ass den Directoire an enger dräifacher Kris an et gi Projeten ausgeschafft, fir de politesche Regime ze consolidéieren. Am Oktober 1799 begéint de jonke Generol Bonaparte den Haaptacteure vum geplangte Coup d'État. Et ass virgesinn, datt hien d'militäresch Hand hanner deem Ganze soll sinn, fir de Fall datt Problemer géifen optrieden. De Sieyès a seng Leit hunn e Projet fir d'Constitutioun z'änneren an de Coup d'État gëtt op den 18. Brumaire Joer VIII festgeluecht.

D'Schema gesäit follgend Operatioune fir: Den Napoléon soll als Commandant en chef vun der Arméi fir Uerdnung zu Paräis an an den Assembléeë suergen. Déi ginn op Saint-Cloud bruecht, ënner dem Virwand datt eng Gefor duerch d'Jakobiner besteet. Eigentlech war et awer éischter d'Bevëlkerung vu Paräis déi zanter 1789 eng Gefor fir d'Assembléeën duergestallt huet. Andeems een dës dann elo op Saint-Cloud bréngt, ass d'Gefor vun der Paräisser Bevëlkerung ausgeschalt, well déi net agräife kann. Paräis selwer gëtt zougemaach, all Sortie ass verbueden an d'Dire gi vun der Police iwwerwaacht.

Den Haaptdeel vum Coup d'État spillt sech awer eréischt den 19. Brumaire of. D'Revisionisten hate geplangt, datt déi fënnef Directeurs géife kollektiv demissionéieren, mä zwéi Jakobiner weigere sech. Den Napoléon gëtt ongedëlleg a gräift an.

Virum Conseil des Cinq-cents hält hien eng Ried déi schlecht opgeholl gëtt, d'Deputéiert werfen him fir, eng Diktatur wëllen anzeriichten, an hie gesäit sech gezwongen, d'Assemblée nees ze verloossen. D'Situatioun gëtt vum Lucien Bonaparte gerett, dem Brudder vum Napoléon a President vun de Cinq-cents. Hien iwwerzeegt zesumme mat sengem Brudder d'Arméi fir anzegräifen a fir Uerdnung an der Assemblée ze suergen. Well d'Arméi allgemeng awer ganz republikanesch ass, an d'Legitimitéit respektéiert, gëtt de Mythos an d'Welt gesat, een Deputéierten hätt den Napoléon wëllen erdolchen.

D'Biller vun den Deputéiert, déi aus de Fënstere vun der Orangerie flüchten, an den Napoléon erdolche wëllen, gi wäit verbreet an den Napoléon ass de facto Meeschter vun der Situatioun. De geplangte parlamentaresche Coup d'État gëtt e militäresche Staatsstreech.

Mä den Napoléon hält vill op d'korrekt juristesch Formen an am Laf vum Owend vum 19. Brumaire kommen d'Deputéiert, déi zu Saint-Cloud bliwwe sinn, zesummen a stëmme fir zwou Kommissiounen, déi eng nei Constitutioun virbereede sollen.

Den 20. Brumaire ginn dräi Konsulen ernannt: de Bonaparte, de Sieyès an den Ducos.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 18 Brumaire – Biller, Videoen oder Audiodateien