Curtius Millen

Vu Wikipedia
D'Curtius-Mille mat dem dréchne Millegruef.

D'Curtius Millen ass eng fréier Waassermillen aus dem 16. Joerhonnert, déi op enger Derivatioun vun der Vesdre zu Vaux-sous-Chèvremont an der Gemeng Chaudfontaine bei Léck stoung. Hautjesdaags besteet nach just d'Bréck iwwer den dréchne Millegruef an am Gebai ass e Wunnhaus.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1548 huet de Warnier vu Gulpen, Här vu La Rochette zwéi Lécker Geschäftsleit, dem Raskin Germeau an dem Thomas Gilman d'Erlabnes ginn, fir zu Vaux-sous-Chèvremont e Kanal laanscht d'Vesdre unzeleeën. Déi hunn do en hydraulesche Concasseur gebaut. Déi Anlag huet awer net laang funktionéiert, a wéi de Lécker Industrielle Jean Curtius se den 19. August 1595 kaaft huet, war et schonn eng Ruin.

De Curtius, de « Commissionnaire Général d'Approvisionnements de Guerre » vum Kinnek Philippe II. vu Spuenien war, huet d'Millen ëmgebaut an eng Polverfabréck draus gemaach. En huet d'Installatioune vergréissert, eng Mauer an eng Kasematt gebaut. En huet och déi kënschtlech Insel déi entstane war no Süde vergréissert, andeems en eng Partie vun der Vesdre ëmgeleet huet. De 24. Mee 1605 huet en Terraine vun der klenger Île de Ster kaaft, dat Ganzt befestegt a vun enger 30 Mann staarker Trupp bewaache gelooss [1].

Haut ass de Kanal dréchegeluecht, an d'Befestegunge goufen ofgerappt. Un d'Kasematt erënnert nach den Numm vun der Plaz Casmaterie.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Histoire de la principauté de Liège, Éditions Privat 2002, Säit 96