Däitschen Zaldotekierfecht Lommel

Vu Wikipedia
Däitschen Zaldotekierfecht Lommel
Land Belsch
Gemeng Lommel
Fläch 16 ha
Ugeluecht 6. September 1959
Koordinaten 51° 11’ 20’’ N
      05° 18’ 22’’ E
Gestioun Volksbund Deutsche Kriegsgräberfürsorge


Den Zaldotekierfecht zu Lommel an der Belsch ass dee gréissten däitschen Zaldotekierfecht vum Zweete Weltkrich a Westeuropa baussent Däitschland. Op enger Fläch vu 16 ha (427x350 m) leien do 542 gefalen däitsch Zaldoten aus dem Éischte Weltkrich an der 38.560 aus dem Zweete Weltkrich. Ee Kräiz steet fir zwéin Zaldoten. Hir Nimm an Donnéeë sinn op metallene Schëlter, op den zwou Säite vun de Kräizer, agedroen.

De Kierfecht gouf de 6. September 1959 ageweit. Virdru louchen déi stierflech Iwwerreschter vun deenen Zaldoten op de Sammelkierfechter vun Henri-Chapelle, Overrepen, Neuville-en-Condroz a Fosse, souwéi, vum Éischte Weltkrich, vu Leopoldsburg. 1946 gouf dermat ugefaangen, s'op Lommel ëmzebetten.

Pro Joer ginn iwwer 30.000 Leit de Kierfecht besichen..

De Volksbund Deutsche Kriegsgräberfürsorge këmmert sech zanter 1953 ëm de Kierfecht, zu deem och e groussen Informatiounszentrum gehéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Däitschen Zaldotekierfecht Lommel – Biller, Videoen oder Audiodateien