Das Literarische Quartett

Vu Wikipedia

Das literarische Quartett war eng Literatursendung vum ZDF, déi gutt dräizéng Joer laang gelaf ass, vum 25. Mäerz 1988 bis de 14. Dezember 2001. A 77 Emissioune goufen eng 385 Bicher virgestallt an diskutéiert.

"Mär wäerten iwwer Bicher schwätzen, an zwar, wéi mer ëmmer schwätzen: léif an e bësse gemeng, güteg a vläicht e bësse béisaarteg, mä op alle Fall ganz kloer an däitlech. Well d'Däitlechkeet ass d'Héiflechkeet vun de Kritiker hirer Kritik." (De Marcel Reich-Ranicki am Literaresche Quartett den 18. Mäerz 1993)

D'literarescht Quartett bestoung am Ufank aus dem Marcel Reich-Ranicki, dem Hellmuth Karasek, der Sigrid Löffler an dem Jürgen Busche. De Jürgen Busche gouf awer schonn no nëmme sechs Follge mat der Klara Obermüller ersat, a vun 1990 u mat Gäscht, déi all Kéier changéiert hunn.

D'Sendung huet haaptsächlech duerch dem Reich-Ranicki seng Interventioune gelieft, deen duerch seng deelweis choleeresch Aart a seng dacks iwwerzunnen negativ Kriticken och d'Publikum z'ameséiere wousst.

Am Joer 2000 huet d'Sigrid Löffler dem Quartett de Réck gedréint. Ouns de Fait datt se et souwisou schwéier erdroen huet, vum Reich-Ranicki an engem Stéck iwwer de Monn gefuer ze kréien, sinn hir virun allem Reich Ranicki-Zitater am däitsche Boulevardblat Bunte batter opgestouss, déi sech méi spéit awer als falsch erwisen hunn. Si ass trotzdeem bei hirer Decisioun bliwwen a sou huet d'Iris Radisch hire Stull iwwerholl.

Déi lescht normal Sendung koum de 14. Dezember 2001 aus dem Schlass Bellevue zu Berlin, wouhin d'Quartett vum deemolegen däitsche Bundespresident Johannes Rau invitéiert gi war.

1999 koum et nach zu enger Spezialsendung iwwer de Goethe.

Fir de Schiller op sengem 200. Doudesdag z'éieren, hu sech den 29. Abrëll 2005 d'Equipe Reich-Ranicki, Karasek a Radisch mat der Elke Heidenreich zesummegesat, fir iwwer véier Schiller-Stécker ze diskutéieren: Die Räuber, Kabale und Liebe, Don Carlos an de Wallenstein.