Daugava
Daugava | |
Längt | 1003 km |
Héicht vun der Quell oder Zesummelaf |
m |
Duerchschnëttsdebit | m³/s |
Fläch vum Baseng | 87.900 km² |
Leeft an: | Baltescht Mier |
Floss - Hydrologie |
D'Daugava (Russesch: Западная Двина, Zapadnaja Dwina - Westlech Dwina; Wäissrussesch: Заходняя Дзьвіна, Sachodnjaja Dsjwina) ass en eppes iwwer 1000 Kilometer laange Floss, deen a Russland um Waldai-Plateau, westlech vun Twer, entspréngt an duerch Wäissrussland a Lettland leeft, wou en, kuerz hanner Riga, an de Golf vu Riga (Baltescht Mier) mënt.
D'Quell vun der Daugava ass no bei der Waaaseerscheed tëscht dem Balteschen an dem Schwaarze Mier. No 323 Kilometer leeft se iwwer d'Grenz zu Wäissrussland, an 328 Kilometer méi wäit déi vu Lettland. No weideren 352 Kilometer leeft se an de Golf vu Riga.
De Baseng vum Floss ass 87.900 km² grouss an erstreckt sech ausser an deene Länner, an deenen e leeft, och aus op Deeler vun Estland a Litauen.
An der Zäit war de Floss eng wichteg Handelsstrooss.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Daugava – Biller, Videoen oder Audiodateien |