Deidre Du Bois
Ausgesinn
| Deidre Du Bois | |
|---|---|
| Gebuer |
23. Oktober 1971 El Paso |
| Nationalitéit | USA, Lëtzebuerg |
| Educatioun | Universitéit Panthéon-Assas |
| Aktivitéit | Juristin, Affekotin, Politikerin, Conseillère am Staatsrot |
| Fonctioun | Conseillère am Staatsrot |
|
| |
D'Deidre Du Bois, gebuer den 23. Oktober 1971 zu El Paso, am Texas, ass eng US-amerikanesch-lëtzebuergesch Juristin an Affekotin.[1] Si ass zanter Dezember 2019 Member vum Lëtzebuerger Staatsrot.
Si huet op der Université Panthéon/Assas Paris II Droit studéiert, an dëse Studium 1995 mat zwou Maîtrisen ofgeschloss. 1996 gouf si Member vum Barreau a gouf am Affekotebüro Dupong & Lecuit engagéiert. Zanter 2001 ass si Partnerin am Affekotecabinet Dupong, Krieps, Du Bois & Dias Videira. Si ass op Familljen- a Jugendrecht spezialiséiert.[1]
Den 30. November 2019 gouf si als Conseillère am Staatsrot nominéiert.[2]
Si ass bestuet a Mamm vun zwee Kanner.[1]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 "Deidre Du Bois" op dkdb.lu.
- ↑ "Deidre Du Bois officiellement nommée au Conseil d'État." paperjam.lu, 13-12-2019.
