Democracy - Im Rausch der Daten

Vu Wikipedia
Democracy - Im Rausch der Daten
Film
Produktiounsland Däitschland
Première 12. November 2015
Dauer 104 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie David Bernet
Dréibuch David Bernet
Fotografie François Roland
Dieter Stürmer
Ines Thomsen
Marcus Winterbauer
Musek Von Spar
Schnëtt Catrin Vogt
Produzent NDI FILM GmbH
Arek Gielnik
Dietmar Ratsch
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Democracy - Im Rausch der Daten ass en däitschen Documentaire vum David Bernet aus dem Joer 2015.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film weist, unhand vun der Genèse vum Allgemengen Dateschutz-Reglement, de Wee vn enger Propos vun der Europäescher Kommissioun bis hin zu engem adoptéierte Gesetzestext duerch den europäesche Co-Legislateur, d'Europäescht Parlament an de Conseil vun der Europäescher Unioun. Haaptprotagoniste sinn dobäi d'Viviane Reding, Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun a Kommissärin fir Justiz, Grondrechter a Citoyennetéit, an den däitsche gréngen Europadeputéierte Jan Philipp Albrecht, Rapporteur vum Gesetzesprojet.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Film gouf an Zesummenaarbecht mat de betraffenen europäeschen Institutioune realiséiert. Sou hat d'Equipe vum Film, als éischt iwwerhaapt, Zougank zu Conseilssëtzungen an zu Conciliatiounsverhandlunge vu Kommissioun a Conseil.[1]

De Film krut 2017 den Deutscher Dokumentarfilmpreis. E war och an der Kategorie "Beschten Documentaire" fir den Däitsche Filmpräis nominéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Democracy - Im Rausch der Daten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. democracy-film.de - offiziell Websäit. Gekuckt de 17. Februar 2016.