Den Deiwelselter

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Informatiounsblat vun der Gemeng Dikrech. Fir d'megalithescht Monument mam selwechten Numm, kuckt wgl. Däiwelselter.
Logo

Den Deiwelselter ass d'Informatiounsblat vun der Gemeng Dikrech, dat nom megalithesche Monument Däiwelselter genannt gouf.

Den Deiwelselter gëtt vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Dikrech erausbruecht.

Dëst Informatiounsblat ass 1995 fir d'éischt erauskomm, deemools nach mam Numm Den Deiwelselter. Tëscht 2007 an 2012 war den Titel vun dësem Gemengebuet an Däiwelselter geännert ginn, dono gouf awer nees den alen Numm geholl.

E ka vun der Websäit vun der Gemeng am PDF-Format erofgeluede ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]