Der Fuehrer's Face

Vu Wikipedia
Der Fuehrer's Face
Film
Produktiounsland USA
Produktiounsjoer 1942
Première 1. Januar 1943
Dauer 8 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Jack Kinney
Dréibuch Joe Grant
Musek Oliver Wallace
Produzent Walt Disney
Produktiouns-
gesellschaft
The Walt Disney Company
Schauspiller
Donald Duck
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Der Fuehrer's Face ass en Zeechentrickfilm aus dem Haus Disney aus dem Joer 1943.

Wéi koum et zum Film?[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich goufen an alle gréissere Länner ënner anerem munnech Propagandafilmer gedréit. Nodeem d'USA mat an de Krich goungen, sinn natierlech d'Filmstudioe mat agespaant gi fir d'Krichspropaganda.

Den Disney Studio war natierlech och mat dobäi, an hat wëlles, eng vun hire bekanntste Figuren an d'Nazidäitschland ze versetzen. Den Titel war scho bekannt: Donald Duck in Nutzi Land. Mä dunn huet de Spike Jones mat senge City Slickers e Propagandalidd erausginn, dat en enorme Succès hat, Der Fuehrer's Face. Doropshin gouf de Filmtitel geännert an dem Spike Jones säi Lidd mat agebaut. Den Zeechentrickfilm, deen den 1. Januar 1943 fir d'éischt gewise gouf hat sengersäits nach méi e groussen Erfolleg.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Mir sinn an engem US-amerikanesche Propagandafilm géint d'Nazidäitschland, deen de Walt Disney am Zweete Weltkrich gemaach huet.

Den Donald Duck läit am Bett a gëtt duerch eng bläreg Marschmusek wakereg, steet op an dréint sech zu de Portraite vum Hitler, dem japanesche Keeser Hirohito a dem Mussolini a gréisst déi op eng rituell Manéier. Duerno well en erëm a säi Bett. Awer anonym Hänn schëdden him en Eemer Waasser iwwer de Kapp fir e vum Bett ewechzehalen. Da geet et op de Kaffisdësch; den Donald hëlt hanner engem Hitler-Portrait aus engem Kofferfort eng Kaffisboun eraus, déi un engem Fuedem hänkt. Déi zappt hien an eng Taass Waasser. Dann deet hie seng Naziuniform un, mat Hakekräizbrassard an Hakekräizkap fir schaffen ze goen.

When der Fuehrer says, "We ist der master race"
We HEIL! HEIL! Right in der Fuehrer's face
Not to love Der Fuehrer is a great disgrace
So we HEIL! HEIL! Right in der Fuehrer's face

Dem Spike Jones säi Lidd[änneren | Quelltext änneren]

De Spike Jones & His City Slickers ass eng US-amerikanesch Musekband, déi berüümt ass wéinst hire Parodien op alles wat jeemools en Toun vu sech ginn huet. Am bekanntste kéint hir "William Tell Overture" sinn. Dem Rossini seng Ouverture als Sportreportage mat der Stëmm vum Doodles Weaver: Bananas coming up through the bunch

When Herr Goebbels says we own the world and space
We Heil Heil right in Herr Goebbels' face

  • Bei all Hheil ass e verréckten Toun ze héieren, deen "the Bronx cheer" genannt gouf.

D'Wuert "Heil" ass 31-an-en-hallefmol am Lidd ze héieren.

Wat ass mam Film geschitt?[änneren | Quelltext änneren]

Nom Krich ass de Film an den Tirang verschwonnen. Eréischt 2004 ass de Film erëm opgedaucht. An dem DVD-Coffret On The Front Lines aus der Serie Walt Disney Treasures ass e fir déi alleréischt Kéier ze fanne mat anere Kuerzfilmer, déi bei Disney an där Zäit gezeechent goufen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Der Fuehrer's Face krut 1943 en Academy Award, also en Oscar, als Best Short Subject, Cartoons.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]